Christian Helmig

Vu Wikipedia
Christian Helmig
Gebuer 17. Mee 1981
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler

De Christian Helmig, gebuer de 17. Mee 1981, ass e lëtzebuergesche Cyclo-Cross - Coureur.[1]

Sportlech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass a senger aktiver Zäit fir Elbowz Racing gefuer an huet zu Dallas (USA) gewunnt.

Zu Lëtzebuerg bei de Landesmeeschterschaften am Cyclocross konnt hien d'Dueller mam Gusty Bausch (2015 an 2016) an och mam Massimo Morabito (2013 an 2014) fir sech entscheeden.

Wéi den Helmig erëm op Lëtzebuerg zeréck koum, ass hien méi Mountainbike gefuer.

Bei de Weltmeeschterschaften zu Bieles am Joer 2017, huet den Helmig säi sportlechen Abschied gefeiert. Well e Konkurrent bei enger Chute säin Derailleur beschiedegt hat, konnt den Helmig do awer kee Resultat erausfueren.[2]

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Christian Helmig op 'Le site du Cyclisme'
  2. (fr)Bastien, Denis, C’était mieux avant - Christian Helmig : «Mon plus grand rival, c’était Gusty Bausch». Le Quotidien (15.12.2023). Gekuckt de(n) 15.12.2023.