Ciné Cité

Vu Wikipedia
D'Gebäi wou de Kino Cité dra war, haut Bibliothéik vun der Stad Lëtzebuerg

De Ciné Cité war e fréiere Kino an der Lantergässel (Rue Génistre) an der Stad Lëtzebuerg.

De Ciné Cité ass am Joer 1957 op Initiativ vum Nottär Charles Michels zesumme mat de Kinopionéier Louis Freising (Direkter vum Ciné Marivaux) an Isidore Thill (Direkter vum Ciné Victory an The Yank) gebaut ginn. En hat Plaz fir 760 Zuschauer. Architekt vum Gebai war de Robert Lentz.

De Kino huet den 23. Oktober 1958 ugefaangen, Filmer ze weisen. Als éischte Film gouf The Bridge on the River Kwai vum David Lean mam Alec Guiness an der Haaptroll gespillt. No enger Ëmännerung si vun 1963 un och Filmer a 70 mm am Cité gewise ginn, den éischten dovu war de Film Cleopatra vum Joseph L. Mankiewicz mat der Liz Taylor a Richard Burton an den Haaptrollen.

1982 ass aus dem Cité e Kinokomplex mat 4 Säll entstanen: De Balkon gouf vum Haaptsall ofgetrennt fir en neie Sall draus ze maachen, an am Keller goufen zwéi Mini-Säll amenagéiert. Dat Ganzt ass awer op Käschte vun der Qualitéit vun de Säll gaangen. An den zwéi grousse Säll huet den Toun aus deem enge Sall d'Leit am anere Sall gestéiert. Déi zwéin aner Säll ware sou kleng, dat hiren Ecran éischter wéi eng grouss Tëlee ausgesinn huet, vum Toun guer net ze schwätzen.

1989 koum nach e fënnefte, ganz klenge Sall um zweete Stack derbäi.

De 27. November 1997 ass de Cité zougemaach ginn. D'Stad Lëtzebuerg huet d'Gebai am Joer 1998 fir 180 Mio Frang kaaft.

Et koum duerno nach e wéineg Liewen an de Sall, wéi d'Bedreiwer vun de Kinoen Utopia an Utopolis knapps 4 Joer, tëscht dem 8. Abrëll 2000 an dem 29. Januar 2004, Filmer am Cité gewisen hunn, bis d'Plange fir den Ëmbau zum neien Espace culturel Cité, engem Kulturzenter, fäerdeg waren. Dee leschte Film, deen den 29. Januar 2004 gewise gouf war Après vous vum Pierre Salvadori.

D'Gebai, gouf komplett ëmgebaut. Zanter dem 26. September 2008 ass d'Bibliothéik vun der Stad Lëtzebuerg dran amenagéiert. De 15. Januar 2010 hunn och déi iewescht Stäck vum Gebai hir nei Funktioun iwwerholl. Et sinn dëst d'Boule (e Konferenzsall) an eng Lounge mat Bar a Restaurant.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Espace culturel Cité.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]