City of Manchester Stadium

Vu Wikipedia
Vue op den Terrain an d'Tribunen

De City of Manchester Stadium (och nach Etihad Stadium) ass e Foussballsstadion zu Manchester. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen ekipéiert ass, a mat 48.000 Plazen ass et nom Old Trafford Stadion den zweetgréisste Foussballsstadion a Greater Manchester.

De Grondsteen fir de Stadion gouf 1999 geluecht, an en ass de 25. Juli 2002 opgemaach ginn.

D'Foussballfeld ass 105 x 68 m grouss, a gëtt vun der UEFA an der Klass vun de Fënnefstärestadione gefouert.

Et ass dee Stadion, op deem Manchester City seng Heemspiller ausdréit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: City of Manchester Stadium – Biller, Videoen oder Audiodateien