Classeur
E Classeur ass eng Zort kartongs Aband, an deem ee lasse pabeiers Blieder u metallene Klemme festmaache kann.
D'Blieder sinn esou an engem Classeur an der gewënschter Reiefolleg. Fir d'Lächer an d'Blieder ze maachen, brauch een idealerweis e Locher.
Um Réck vum Clausseur ass eng Etikett, op där ee kann uginn, wat dran ass. Dacks ass do och ee Lach, fir et méi einfach ze maachen, de Classeur aus engem Regal ze zéien. Fir datt d'Blieder am Classeur e festen Halt hunn, gëtt et dacks e Mechanismus, dee sech un de metallene Klemmen "upëtzt" an esou d'Blieder festhält.
De moderne Classeur gouf 1886 vum Friedrich Soennecken erfonnt, dee praktescherweis gläich de Locher materfonnt huet. De Louis Leitz a senger Firma mam selwechten Numm huet de Classeur dann zu senger haiteger Form virunentwéckelt.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Ring binders – Biller, Videoen oder Audiodateien |