Clos Fourtet

Vu Wikipedia
D'Wäigutt Clos Fourtet zu Saint-Emilion (2006)

De Clos Fourtet steet nieft der Collégiale vu Saint-Émilion an ass op engem ale Festungsterrain, dee Camp Fourtet geheescht huet, am 18. Joerhonnert opgeriicht ginn.

Seng Wéngerten, déi all um Plateau vu Saint-Émilion leien, op Kallekbiedem, hunn eng Fläch vun 18 ha. D'Haaptriefzort ass de Merlot (85 %), déi aner si Cabernet-Sauvignon (15 %) a Cabarnet Franc (5 %).

Seng Kellere sinn an de Kallekstee gehae ginn, an dës Steng si geholl gi fir d'Gebaier opzeriichten. Do läit de Wäin 12 Méint an Eechefässer éiert en agefëllt gëtt.

D'Lies gëtt komplett op der Hand gemaach. Duerno kënnt de Wäin an Inox-Fässer, wou en drësseg Deeg laang bei enger kontrolléierter Temperatur agemeischt bleift. Duerno geschitt d'malolaktesch Gärung an hëlze Fässer am Lagerraum (5 - 6 Méint).

D'Lagerung am Keller gëtt zu 80 % an neien Eechefässer gemaach, de Rescht an alen.

D'Produktioun läit an der Moyenne bei 55.000 Fläschen.

De Clos Fourtet mécht och nach ee sougenannte Second vin, d'Closerie de Fourtet, mat 25.000 Fläschen.