Saint-Émilion (Stad)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Saint-Émilion. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Saint-Émilion.
Saint-Émilion
Kaart-Saint-Émilion.png
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Wope vun der Regioun Aquitaine Aquitaine
Departement Blason département fr Gironde.svg Gironde
Arrondissement Libourne
Kanton Libourne
Code Insee 33394
Postcode 33330
Koordinaten 44° 53' 37" N
00° 09' 17" W
Fläch Uertschaft  27,02 ha
Bevëlkerung Uertschaft  2 345 (1999)


Saint-Emilion ass eng Uertschaft a Gemeng am franséischen Departement Gironde an der Regioun Aquitaine.

Si ass haaptsächlech bekannt duerch hir gutt rout Bordeaux-Wäiner a läit 35 km ëstlech vun der Stad Bordeaux, op de Koppen tëschent der Dordogne an der Isle an tëschent Libourne a Castillon-la-Bataille.

Et ass eng schéi mëttelalterlech Stad, déi mat der Wäibau-Gewan ronderëm vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltkulturierfschafte opgeholl ginn ass.

Geschicht [änneren]

D'Fielskiirch (Eglise monolithe

Schonns zur Zäit vun de Réimer goufen zu Saint-Emilion Wäiriewen ugebaut. Suguer den Dichter Ausonius,no deem e weltberühmt Wäigutt, de Château Ausone genannt ass, huet do Wënzer gespillt. D'Stad selwer, sou wéi se sech lo presentéiert, gouf am 8. Joerhonnert vun engem Eremit gegrënnt, deen och sou geheescht huet. Schonns am Mëttelalter goufen d'Wäiner vu Saint-Emilion als Cadeauen u wichteg Perséinlechkeeten an Souverainen iwerreecht. Zënter där Zäit ass de Conseil Municipal fir d'Qualitéit vum Wäi verantwortlech. D'Jurade iwerhellt zënter 1948 nach bis haut dës Functioun. All Fréijoer, gëtt vun der Jurade, no enger Mass an enger Prozessioun mat vill Zeremonie vun der Plattform vun der Tour du Roi erof de Jugement iwwer den neie Wäin proklaméiert. Am Hierscht gëtt dann vun derselwechter Plaz aus déi nei Wäilies opgemeet. Den Evenement gëtt natierlech vu ville Banquetë begleet.

D'Buerg vu Saint-Emilion (2006)

Vu groussem historesche Wäert ass déi sougenannt Fielskiirch, déi aus dem Kalleksteen erausgeha gouf an déi haut nach gutt erhalen ass. D'Regioun vu Saint-Émilion huet en Areal vun ronn 5200 ha, op deem Riewen ugeplanzt sinn, an deen vu ronn 1000 Wäibaueren exploitéiert gëtt.

Kuckeswäertes [änneren]

  • D'Fielskierch (Eglise monolithe)
  • Den Ermitage Saint-Emilion
  • D'Katakomben
  • D'Dräifaltegkeetskapell
  • D'Maison du Vin
  • D'Tour du Roi

Fotoalbum vu Saint-Emilion [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Saint-Émilion – Biller, Videoen oder Audiodateien