Escarpe
Escarpe a Contre-escarpe (och nach: Contrescarpe, Konterescarpe) si Begrëffer fir déi bannenzeg (zur Festung zou), respektiv baussenzeg (zum Glacis zou) Mauer vun engem Gruef ze bezeechnen. Bei Feldbefestegunge kënnen dës séier ausgehuewe Grief sinn, duerch déi géigneresch Ugrëffer, wéi och Réckzich erschwéiert ginn. [1]
Bei permanente Befestegungen aus Steen sinn Escarpen a Contre-escarpen typescherweis mat eegene Verdeedegungselementer ausgerüst, déi et hinnen erlabe sollen, e Géigner deen an de Gruef virgedrongen ass opzehalen.
Inhaltsverzeechnes |
Entwécklung [änneren]
D′Déift vun de Grief, an domat d'Héicht vun den Escarpen a Contre-escarpen, variéiert staark jee no Terrain a Buedembeschafenheet. Bei der Festung Lëtzebuerg goufen d′Grief am Laf vun de Joerhonnerte verdéift an erweidert, esou datt den Ënnerscheed tëscht dem Niveau vun dem Terrain an der Suel vum Gruef bis zu 9 Meter konnt sinn. Am Vauban sengem System waren dës Grief ëm déi 40 Meter breet.
Waren dës bei mëttelalterleche Befestegungen nach einfach Maueren déi den Terrain gestützt hunn an e Gruef definéiert hunn, esou krute si am bastionéierte Festungsbau méi wichteg Aufgaben. Doduerch, datt d′Festungswierker insegesamt méi an de Buedem gebaut goufe fir si virun direktem Beschoss duerch Artillerie ze schützen, goufen d′Grief an hir Verdeedegung géint Infanterie méi wichteg. Esou goufen zum Beispill gedeckte Weeër ugeluecht, déi dem Géigner den Accès sollten erschwéieren, an an de Grief goufe Caponnièrë gebaut, déi d′Escarpe mat der Contre-escarpe verbonnen hunn oder an de Gruef eraus stounge fir dësen ze verdeedegen. Hanner der Mauer vun der Escarpe oder Contre-escarpe konnten ënnerierdesch Galerien, déi esou genannte Kasemattë lafen, vun deenen aus de Gruef duerch Schéisscharten ënner Feier konnt geholl ginn.
Am polygonale Festungsbau variéieren d′Type vun Escarpe a Contre-escarpe; hei fënnt een nieft de klasseschen attachéierten, och detachéiert (also fräistoend) Escarpen an hallef-detachéiert Escarpen, déi kee Parapet direkt stützen, ma als eenzeg Fonctioun hunn, de Gruef ze verdeedegen.[2]
Militäresch Fonctioun [änneren]
Escarpen a Contre-escarpë waren aktiv Verdeedegungselementer fir engem Géigner en Andréngen an de Gruef, an domat an d′Festunsgwierk selwer ze erschwéieren. D′Héicht vun der Escarpe oder Contre-escarpe huet dobäi grad esou eng Roll gespillt wéi hir Befestegung mat Caponnièren an anere Verdeedegungselementer, [3] wéi zum Beispill Schéisscharten oder Artillerie-Emplacementer (déi esou genannten Escarpe oder Contre-escarpe Batterien). Eng weider Méiglechkeet waren déi esou genannte Kofferen, déi am Géigesaz zu de Batterien net an der Mauer integréiert waren, ma am Gruef, meeschtens am Wénkel vun der Mauer louchen.
Gemauert Escarpen hunn och am polygonale Festungsbau eng Roll gespillt, a goufe bis an d′20. Joerhonnert benotzt. An der moderner Krichsféierung kënne si nach ëmmer als temporär Verdeedegungselementer géint Panzerugrëffer agesat ginn.
Beispiller fir Escarpen/Contre-escarpen [änneren]
-
Lénks an hannen am Bild d'Contre-escarpe vum Fort de Tancremont.
-
Riets am Bild d'Contre-escarpe vum Fort de Battice.
Referenzen [änneren]
- ↑ Stephen Francis Wyley (Drawings by Steven Lowe) A Dictionary of Military Architecture Fortification and Fieldworks from the Iron Age to the Eighteenth Century: Counterscarp
- ↑ Legrand-Girarde et Plessix. Manuel complet de fortification. 4e édition. Paris (1909) S. 303-310.
- ↑ counterscarp: European fortress wall - Art - Britannica Concise: diagram