Costa del Sol
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Costa del Sol (lëtzb.: Küst vu der Sonn) ass eng Küst am Süden vum spueneschen (Andalusien) Am Osten schléisst se un d'Costa Tropical an am Westen, getrennt durch d'Strooss vu Gibraltar, un d'Costa de la Luz un. Bei enger Geesamtlängt vu 300 km ëmfaasst se d'Mëttelmier-stränn vu den andalusësche Provënze Málaga a Cádiz.
Dat Subtropescht Klima suergt dat ganzt Joer duerch fir agréabel Temperaturen an d'Küst ass doriwwer raus och nach zusätzlich duerch Bierggketten virum Nordwand geschützt.
Zënter den 1960er Joeren huet sech d'Costa del Sol opgrond vu sengem Klima a sengen méi wéi 320 Sonnendég am Joer zu engem attraktiven Touristenzentrum ëntwéckelt. Haut huet sech seng touristesch Attraktivitéit duerch déi staark ausgebauten Hotelinfrastrukturen an déi ëmfangräich Sportméiglechkeeten nach zousätzlech erhéicht. Zentren vum Tourismus si westlech vu Málaga de Küstensträifen vu Torremolinos/Benalmádena iwwer Marbella bis San Pedro de Alcantara an am Osten vu Málaga d'Küste tëscht Torre del Mar a Nerja. Den Deel vu der Costa del Sol tëscht Axarquía (Prov. Málaga) iwwer Motril (Prov. Granada) bis zur Provënz Almeria gëtt och als Costa Tropical bezeechent.
[änneren] Um Spaweck
- VisitaCostaDelSol.com
- Costa del Sol Beschreiwung, Wanderungen a praktesch Reeshiweiser
- Informatiounen iwwer d'Costa del Sol Offiziell Websäit fir den Tourismus a Spuenien (däitsch)