D'Cojellico's Jangen

Vu Wikipedia
d'Cojellico's Jangen am Escher Theater (2015).

D'Cojellico's Jangen (kuerz: d'Jangen) ass e Lëtzebuerger Gesanksquintett mat Pianosbegleedung. Mat Frack a Brillantine sangen an arrangéieren d'Jange Lëtzebuerger 'Schlager' am Stil vun de Comedian Harmonists.

Nieft bekannte Lidder wéi Dem Wirsch seng Wueden oder D'Lidd vum Kachkéis leeën d'Jange Wäert drop, hirem Publikum och manner bekannt Lëtzebuerger Lidder aus den 1920er an 1930er Jore virzestellen.

Den Ensembel ass am Mäerz 2011 zu Gréiwemaacher am Stuedtheater entstanen. En ass genannt nom Lidd Cojellico's Jang vum Auteur vu Revue-Stécker Thériente[1] (1902-1945).

Jangen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Opnamen[änneren | Quelltext änneren]

  • CD "d'Cojellico's Jangen - Am Inoui" (2012)
  • 2CD "Vill Harmonie" (2016) (Duebel-CD mam Serge Tonnar, Legotrip (2), D'Cojellico's Jangen, Orchestre de Chambre du Luxembourg)
  • CD "Dammenalphabet - Vun Amelie bis Wirsch" (2017)
  • CD "Gloria" (2018) (Chrëscht-Musek)
  • CD "Dat elei an dat elo - 200 Joer Dicks" (2023)

Notten[Quelltext änneren]

  1. Ënner dem Pseudonym Thériente huet de lëtzebuergesche Journalist Jempi Welter seng Revue-Stécker signéiert.