Ded Moros

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Ded Moros mam Snegurotschka

Den Ded Moros (rus. Дед Мороз - "Bopa Frascht") bréngt de brave slawesche Kanner an der Nuecht vum 31. Dezember op den 1. Januar Cadeauen.

En huet e laange wäisse Baart, eng rout Mutz mat wäissem Pelzrand, e laange roude Mantel, Walenki an e Staf, deem seng Spëtz alles wat se beréiert, fréiere léisst. Begleet gëtt e vu senger Enkelin Snegurotschka ("Schnéifläckchen"), déi ganz a blo gekleet ass.

Dem Ded Moros seng offiziell Postadress ass zu Weliki Ustjug, eng Stad liicht südlech vun Archangelsk, op déi d'Kanner him schreiwe kënnen.

Evolutioun an der Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ded Moros ass eng Personifizéirung vum Wanter.

Moud aus der Stalinzäit

Wéi an den 1920er Joren d'Bolschewiste mat hiren atheisteschen Iddien dat russesch-orthodoxt Chrëschtdag ofschafe wollten, ass an d'Plaz d'Jolkafest gesat ginn an den Ded Moros huet am slawesche Raum dem Kleeschen seng Aarbecht fir Cadeauen ze bréngen iwwerholl. Déi nei Rolleverdeelung huet sech bei der Bevëlkerung séier an ouni gréisser Problemer etabléiert an dauert nach haut un.

An den 1930er Joren huet de Stalin ugeuerdnet, datt den Ded Moros e bloe Mantel droe sollt, fir datt en net mam Santa Claus verwiesselt sollt ginn, dee relativ ähnlecht Gezei huet, mä natierlech e ganz aneren Hannergrond, dee just kommerziell a fiktiv ass.

Wéinst de sëllechen aneren Differenzen, ouns d'Faarf, war déi eropbeschwuere Verwiesselungsgefor awer ni wierklech akut, a sou huet dem Ded Maros säi Mantel nom Stalin sengem Doud nees seng traditionell rout Faarf kritt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ded Moroz – Biller, Videoen oder Audiodateien