Der Neue Pauly

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den neie Pauly

Der Neue Pauly ass eng Enzyklopedie iwwer d'Antikitéit, där hir Originnen op dem August Friedrich Pauly seng Real-Encyclopädie der classischen Alterthumswissenschaft in alphabetischer Ordnung aus de Joren 1837 bis 1864 zréckginn.

Den neie Pauly, deen an Zesummenaarbecht vun 2000 Wëssenschaftler aus 50 Länner zustane koum, huet 11.611 Säiten a besteet aus 13 Bänn "Altertum A-Z", 5 Bänn Rezeptiouns- a Wëssenschaftsgeschicht an engem Indexband. Am Wierk, dat 37 Kilo weit, sinn 30.000 Lemmata versammelt.

D'Enzyklopedie koum tëscht 1996 an dem Dezember 2003 am J.B. Metzler Verlag zu Stuttgart eraus.

Zousazbänn

Doriwwer eraus gëtt et nach Supplementsbänn:

    • Band 1: Herrscherchronologien der antiken Welt. Namen, Daten, Dynastien. 2004
    • Band 2: Geschichte der antiken Texte. Autoren- und Werklexikon. 2007
    • Band 3: Historischer Atlas der antiken Welt. 2007
    • Band 4: Register zur Rezeptions- und Wissenschaftsgeschichte. Register zu den Bänden 13 – 15/3 des Neuen Pauly. 2005
    • Band 5: Mythenrezeption. Die antike Mythologie in Literatur, Musik und Kunst von den Anfängen bis zur Gegenwart. 2008
    • Band 6: Gelehrte und Wissenschaftler der Klassischen Altertumswissenschaften (14.-20. Jhd.). Biographisches Lexikon.
    • Band 7: Komparatistik der griechischen und römischen Literatur. Ein Werklexikon.

Editeure vum neie Pauly an de Supplementsbänn sinn den Hubert Cancik, de Manfred Landfester an den Helmuth Schneider.

[änneren] Den Neie Pauly op Englesch

Eng englesch Iwwersetzung, de "Brill's New Pauly - Encyclopaedia of the Ancient World" an 20 Bänn ass bei Brill Corporate zu Leiden an Holland publizéiert ginn.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Paulys Realencyclopädie der classischen Altertumswissenschaft – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen