Dieter Hallervorden

Vu Wikipedia
Dieter Hallervorden
Gebuer 5. September 1935
Dessau
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Synchronspriecher, Sänger, Schrëftsteller, Kabarettist, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmregisseur
Partei Freie Demokratische Partei
Member vun Verein Deutsche Sprache
Famill
Bestuet mat Rotraud Schindler, onbekannt
Kanner Nathalie Hallervorden

Den Dieter Jürgen "Didi" Hallervorden, gebuer de 5. September 1935 zu Dessau, ass en däitsche Komiker, Kabarettist, Schauspiller a Sänger.

An Ost-Däitschlad gebuer, dat zënter 1949 d'DDR sollt ginn, ass hien 1958 op West-Berlin geplënnert. Hien hat verschidde Geleeënheetsaarbechten, an huet 1960 de Cabaret Die Wühlmäuse gegrënnt, wouvun e bis haut Direkter ass. Hien huet och privat Schauspillcourse geholl a gouf no an no ëmmer méi dacks fir Film- an Televisiounsrollen engagéiert. Sou huet hien an Das Millionenspiel, e Gangsterboss an am Thriller Der Springteufel ee gespillt, deen aus engem Geckenhaus fortgelaf war. Hien huet awer och komesch Rollen interpretéiert, an hat säin Duerchbroch 1975 mat der Slapstick-Serie Nonstop Nonsens. Hien hat déi Zäit och Succès mat Parodien op Schlager oder bekannt Lidder, wéi z. B. Du, die Wanne ist voll, op d'Melodie vu You're the one that I want aus Grease.

An den 1980er Joren huet Den Dieter Hallervorden als Dréibuchauteur a Schauspiller a Kinofilmer säi Personnage "Didi" weider agesat. An den 1990er Joren huet hien nees méi politesch Cabarete gemaach, an op der Tëlee als Schauspiller a verschidde Komedies-Serien oder als Moderator vun Emissioune gewierkt. Niewelaanscht huet hien Theater gespillt, an ass och mat Soloprogrammer op der Bün opgetrueden.

2005 huet hie seng Autobiographie Wer immer schmunzelnd sich bemüht... publizéiert.

Zënter 2010 ass hien a "seriöen" Tëlees- a Kinofilmer ze gesinn, wéi z. B. 2012 am Thriller Das Kind, 2013 a Sein letztes Rennen an 2014 am Till Schweiger sengem Honig im Kopf.

Filmographie (nëmme Kino)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Dieter Hallervorden: Anleitung zum Verführen einer weiblichen Person, basierend auf dem immensen Erfahrungsschatz eines blendend aussehenden Mannes namens Dieter Hallervorden, Dülk, Berlin 1976.
  • Dieter Hallervorden: Worüber ick mir schieflache, Athenäum-Verlag GmbH, Königstein/Ts 1983, ISBN 3-7610-8278-9.
  • Dieter Hallervorden: Witzige Sketche zum Nachspielen, Falken, Niedernhausen 1988, ISBN 3-8068-0511-3.
  • Dieter Hallervorden: Die Kuh Elsa und andere witzige Sketche zum Nachspielen, Möller, Niederhausen 1992, ISBN 3-8159-0011-5.
  • Dieter Hallervorden: Der Dichter und die Brombeeruhr, Möller, Niederhausen 1994, ISBN 3-8159-0060-3.
  • Dieter Hallervorden: Wer immer schmunzelnd sich bemüht…: Ein autobiografischer Blick zurück nach vorn, Schwarzkopf und Schwarzkopf, Berlin 2005, ISBN 3-89602-659-3.
  • Tobias Hohmann: Das große Dieter-Hallervorden-Buch, MPW-Verlag, Hille 2012, ISBN 3-94262115-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dieter Hallervorden – Biller, Videoen oder Audiodateien