Diskussioun:Éinen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Éinen läit un der Musel a mescht genau t'Mett vun der Waassergrenz teschend Daïtschland a Letzebuerg" : Wéi kann Éinen d'Mëtt vun enger Waassergrenz maachen? Do verstinn ech eppes net.--Cornischong 13:51, 23 Oktober 2006 (UTC)

an nach méi genee[Quelltext änneren]

Éinen läit un der Musel a mescht genau t'Mett vun der Waassergrenz teschend Daïtschland a Letzebuerg

Ofgesi vun de Feeler souvill brengen ech der mol nët an engem sou kuerze Saz fäerdeg waatereng Mëtt soll daat sinn. An der Héicht, der Längt, der Breet. Vu wou bis wuer.

D'Waasergrenz tëschent Däitschland a Lëtzebuerg fänkt uewen am Éisleck un a geet bis op Schengen. Do hun ech Zweifelen daas Einen soll op der Mëtt leien

An souguer wa mer nëmmen d'Musel a Betruecht zéien ass et och nët esou genau do ass et och nach nëmmen ongeféier

Hei Zifferen :

  • An der Loft:
    • Schengen - Einen 15.830 m
    • Einen - Waaserbëlleg 15.130 m
  • Op der Stross:
    • Schengen - Einen 21 km
    • Einen - Waaserbëlleg 19 km
  • Duerch d'Baach:
    • Schengen - Einen 19.650 m
    • Einen - Waaserbëlleg 17.640 m

??? Les Meloures 13:53, 23 Oktober 2006 (UTC)


"Haus zu Éinen" - "An enger Gaass zu Éinen": Huet dat Haus vläicht en Humm? An d'Gaass? --Cornischong 14:38, 23 Oktober 2006 (UTC)

= Héicherotesches[Quelltext änneren]

"En Trëppeltour duerch déi kleng Gaassen am alen Deel vum Duerf" fannen ech ënner "Kuckeswäertes". Dat hänkt awer dovun of, wien do trëppelt! Vläicht sinn déi kleng Gaasse gemengt, an net den Trëppeltour?! --Cornischong 15:02, 23 Oktober 2006 (UTC)