Diskussioun:Allee zu Munneref

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ass d'Neelchesbier net déi Bierenzort déi an Däitschland Nägelesbirne genannt gëtt? --2A02:A03F:A199:6C00:3192:A68E:3E1A:C531 16:54, 17. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]

Mëtteg,
Dat weess ech net. Op Wikidata ass déi Iwwersetzung déi och am Artikel steet. Den LOD seet och „Wildbirne“. | GilPe (Diskussioun) 16:11, 19. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]


Moien och, souwäit wéi ech weess ass d'Neelchesbier eng Kulturzort an de Sammelnumm vun de Kulturzorten ass pyrus communis var. sativa (DC). Déi wëll Bier oder Holzbier déi an de Bëschränner an an den Hecke wiisst ass d'pyrus communis var. pyraster (Linné). (och alt pyrus communis f. pyraster. Ech fannen et dofir net gutt fir sech op den LOD ze verloossen deen a sou Fäll ganz schwaach op der Broscht ass, an och nie semantesch Ënnerscheeder mécht. Et ass och schlecht fir d'Neelchesbier sou an de Wikidata anzedroen. Déi zwéi Beem gläiche sech och scho vu wäitem net. Dem Neelchesbierebam säin Habitus ass méi ronn wéi dee vun der Holzbier. D'Fruucht ass och bal duebel sou déck . --Les Meloures (Diskussioun) 18:46, 19. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]