Diskussioun:Arboretum Kierchbierg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Schreifweis vu Klosegrënnchen[Quelltext änneren]

Gudde Mojen, wéi schreift een et richteg: Klosegroendchen oder Klosegrëndchen oder Klosegrënnchen ? Déi dràI Schreifweisen sinn ze fannen. Ech huelen un, datt éischter Klosegrënnchen richteg ass? --Christian Ries 09:56, 17. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wat d'Grammaire seet:
  • Pour mettre un nom au diminutif, on y ajoute la plupart du temps la terminaison -chen.
  • changement de voyelle: o devient ë ou é.
Deemno: Nonn = Nënnchen; Gronn = Grënnchen.
Perséinlech Bemierkung: Ech hu laang am Gréngewald geschafft, an hat mat ville Leit ze dinn déi vun do aus der Géigend waren. Kee Mënsch huet Klosegrënnchen gesot mä Klosgrënnchen. Les Meloures 10:18, 17. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]
  • Op den alen topographesche Kaarten vun 1989 heescht et Klosegroendchen. Dohier och den Gebrauch vun dem Numm an der Schreifweis am Kontext vum Arboretum. Spéider ass dat dunn entspriechend den aktuelle grammatesche Regelen a Klosegrënnchen ëmgeännert ginn (ëmmer wat den Arboretum ugeet natierlech). Allerdéngs ass dat ni réckwierkend an allen Texter korrigéiert ginn. (Thierry Helminger, Responsabel vum Arboretum Kierchbierg beim Naturmusée)