Arboretum Kierchbierg
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Arboretum Kierchbierg ass e botanesche Gaart, deen eng Sammlung vu ronn 500 wanterfest Bam- an Trauschaarten aus Europa an ugrenzend Gebidder presentéiert. Den Arboretum ass ronn 30 ha grouss a verdeelt sech op dräi Parken um Kierchbierg. Den Arboretum ass dat ganzt Joer iwwer fräi zougänglech. D'Beschëlderung bitt dem Besicher detailléiert Informatiounen iwwer d'Planzen: wëssenschaftlechen Numm, Famill, Verbreedung, Vernakularnimm an de véier Sproochen Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
Inhaltsverzeechnes |
D'Parken um Kierchbierg [änneren]
Parc central [änneren]
Park Réimerwee [änneren]
Park Klosegrënnchen [änneren]
Geschicht [änneren]
De Projet vum Arboretum Kirchbierg gouf 1994 vum Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg am Kader vum neien urbanistesche Konzept fir de Stater Quartier Kierchbierg an d'Liewe geruff. De wëssenschaftleche Suivi ënnersteet zënter der Grënnung dem Zerviss vun de lieweche Sammlungen vum Naturmusée.
Zënter 1994 goufen ronn 37.000 Beem an Träischer am Arboretum geplanzt. 110 Gattungen, 383 Aarten, Ënneraarten an Zorten aus 54 Familljen sinn den Ament vertrueden. Dës lieweg Sammlung huet e grousse wëssenschaftleche Wäert, well iwwer d'Hallschent vun de Planzen aus natierleche Standuerter stamen a genee beluecht ass, wou se hierkommen.