Rond-point
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Wuert Rond-point gëtt am allgemenge lëtzebuergesche Sproochgebrauch gebraucht fir eng speziell Stroossenintersectioun an zwar d'Intersection à sens giratoire obligatoire wéi se am Code de la Route definéiert ass.
A Frankräich gëtt dëst d'Wuert och gebraucht fir Plazen déi an engem Krees ugeluecht sinn, ouni datt onbedéngt eng Fuerrichtung festgeluecht ass, an ouni datt motoriséierte Verkéier driwwer leeft. Dës sinn awer zimlech rar.
Zu Lëtzebuerg huet eng bekannt Plaz an hirem Numm Rond-Point stoen. Et ass de Rond-Point Robert Schuman um Lampertsbierg an der Stad.
Aner Rond-pointe mat an de Stroosseverkéier agebonnen [änneren]
|
Lëtzebuerg
|
Belsch |
Frankräich |
Schwäiz
|
Kuriositéiten [änneren]
An England gëtt et e puer Rond-pointe bei deenen de Verkéier riets ronderëm leeft amplaz lénks.