Diskussioun:Arbre du Ténéré

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hunn Schiermakazie an Akazie geännert. Et schéngt net kloer ze sinn, wéi eng Aart et genau ass (cf. Referenzen). --Bdx (Diskussioun) 10:22, 22. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Den Ausdrock Schiermakazie seet souwisou näischt iwwer d'Aart aus. Et ass en Ausdrock fir eng Form (Habitus) vum Bamm unzeginn. Bei de Kiferen ass dat Beispill flagrant: De pin parasol aus dem Midi gëtt op anere Plaze 35 m héich an huet eng schmuel Kroun. Wat den Ënnescheed vun der Aart soll sinn do ass derzou ze soen datt raddiana eng vun den zwou Subspecies vun tortilis ass. --Les Meloures (Diskussioun) 11:09, 22. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Du kenns offensichtlech méi dovu wéi ech; et war keng Source uginn an déi, déi ech fonnt hunn, ginn 2 verschidden Nimm. Änner wgl selwer, wat geännert muss ginn. --Bdx (Diskussioun) 12:14, 22. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech wollt u sech näischt änneren. Meng Bemierkung war just geduecht fir ze soen datt dat scho richteg war fir der Akazie de Schierm ewechzehulen. Ech kucken, ob ech nach eppes fannen, mä bis elo schéngt alles ob raddiana hinzeweisen, wat anscheinend déi méi rar Subspecies ass. Déi aner schéngt iergendwou (ënner de Blieder, normalerweis ?) kleng Hoer ze hunn, ech hunn awer do och nach net erausfonnt wou déi solle sinn. Den Henri Lhote seet et wier eng raddiana wat jo, well dat eng Subpecies ass, net ausschléisst datt et gläichzäiteg eng tortillis ass, setzen ech dat awer mol dran. --Les Meloures (Diskussioun) 13:12, 22. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
OK, merci fir d'Erklärung! --Bdx (Diskussioun) 13:14, 22. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]