Diskussioun:Autobunn A7 (Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, et goufe lo nei Strecke fir E421 hei op der Wiki preconoséiert. Wann dat mir perséinlech och logesch schéngt ass et awer esou datt d'Streckeféierung vun de Stroossen an engem Gesetz festgehalen ass. Ass dat Gesetz an der Tëschenzäit geännert ginn. An der däitscher Wiki ginn nach aner komesch Saache behaapt och ouni Quell. --Les Meloures (Diskussioun) 18:09, 21. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien,
D'Strecke vun den Europastroosse sinn - mengen ech - net an engem Gesetz festgehalen; just den Accord vun 1975 ass per Gesetz ëmgesat ginn. Ponts & Chaussées huet en Dokument online an deem de Verlaf vun alle Staatsstroossen detailléiert ass; et ass eng Versioun déi sech op d'Gesetz vun 1995 bezitt; et schéngt duerno nach keen Update ginn ze hunn.
Fakt ass, datt d'A7 och mat de Bezeechnung E421 beschëldert ass an datt am Uelzechtdall d'Schëlter vun der E421 verschwonne sinn, sou datt unzehuelen ass, datt d'Streck vun der E421 iwwer d'Autobunn verleeft (wat jo och eng vun de Konditioune vum AGR ass).
Komescherweis ass et bei der E29 (Saarbrécken) anescht: do stinn och op der A13 Schëlter mat der Bezeechnung "E29" a parallell gëtt d'E29 och iwwer d'N2 ugewisen.
Ech schreiwen emol u Ponts & Chaussées a froen emol no wéi d'Europastroossen offiziell verlafen... --GilPe (Diskussioun) 09:37, 22. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]
Moien och a merci fir déi vill Info, an déi gutt Iddi fir P&C unzeschreiwen. Vläicht erwächt dann een do a se maachen dann och vläicht en update. --Les Meloures (Diskussioun) 09:55, 22. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]