Diskussioun:Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Untitled[Quelltext änneren]
D'Wëll Lann vu Kënzeg, oder daat waat nach Rescht ass, steet nach ëmmer a bleiwt viraussiichtlech och stoen. Et gëtt elo mol ofgewaart a gekuckt wéi se sech entwéckelt. An den éischten Deeg maachen ech eng Foto. --Pecalux 08:24, 6 August 2006 (UTC)
- Dat as ganz léif, mee ech hunn Dosene vu Fotoen vum Stomp, déi ech nach net wollt drasetzen, soss kréie mer eppes wéi déi meeschten Uertschaftsartikelen; fënnef Fotoen an dräi Wierder. Fotoe (an Text! :-)) vun den anere "Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg" sinn natierlech batter néideg. --Cornischong 08:34, 6 August 2006 (UTC)
- Gudde Moien:
- Raashaff: Op der Kräizung vun de Stroossen, déi op Blaaschent an op Fëschbech (Miersch) féieren, steet e Bierg-Ahorn.
- Et gëtt sou wäit wéi ech weess nëmmen eng Strooss déi vu Blaschent op Fëschbech féiert.
- Wees vläicht ee besser wat hei soll gemengt sinn. Les Meloures 01:54, 31 Januar 2007 (UTC)
"L'érable sycomore (Acer pseudoplatanus) au lieu-dit "Raashaff", au croisement des routes de Blaschette et de Fischbach." ( http://www.legilux.public.lu/adm/b/archives/2003/0772412/0772412.pdf ) --Cornischong 16:35, 31 Januar 2007 (UTC)
- Gudde Mëtteg
- Merci fir d'Äntwert Les Meloures 16:43, 31 Januar 2007 (UTC)
Wien op dës Lëscht soll kommen[Quelltext änneren]
Ech schloe vir, dass mer eis, wéinenstens an enger éischter Etapp, op déi Beem beschräenken déi am Buch Arbres remarquables (2002) beschriwwe sinn.
Ech schaffe weider mat hei drunn (Texter a Biller).Cayambe 15:06, 1. Jan. 2008 (UTC)
- Waat ass mat dëser Publikatioun: Arbres remarquables? Déi hätt de Virdeel datt se fräi zougänglech (an aktuell) ass.158.64.105.58 14:45, 24. Feb. 2015 (UTC)
Nom Zesummegeréckels[Quelltext änneren]
Nodeems déi Lëscht "zesummegréckelt" goufen, gesäit dat aus wéi e getéitschten Eemer, mengt de --Cornischong 00:01, 5. Jan. 2008 (UTC)
Historique[Quelltext änneren]
Ech froe mech op den Historique vun haut ( 13.01.08) net ze schwéierfälleg ass ? Wat mengen 'déi aner' ? Cayambe 17:15, 13. Jan. 2008 (UTC)