Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Zu Lëtzebuerg stinn eng Partie Beem, déi duerch hiren Alter, hir Gréisst oder hir Plaz bemierkenswäert sinn.
Eng 'offiziell' Lëscht vu bemierkenswäerte Beem gouf 1981 (Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg) vun der Naturverwaltung (deemols Forstverwaltung) an duerno 2002 (Les Arbres remarquables) vun der Naturverwaltung zesumme mam Naturmusée publizéiert (cf. Literatur hei drënner).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Historique
- 1883: éischten Opruf vum Jean-Nicolas Moes an der Zeitung Das Luxemburger Land iwwer bemierkenswäert Beem am lëtzebuerger Land.[1]
- 1893: éischt Publikatioun, vum Ernest Faber (Alte Bäume), iwwert bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg.[2].
- 1907: e systemateschen Inventaire vun de bemierkenswäerte Beem vum E. Faber, mat Fotoen: Die Baumriesen des Großherzogtums Luxemburg.[3]
- 1940: déi däitsch Forstverwaltung léisst e kompletten (onverëffentlechten) Inventaire vun alle bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opstellen.
- 1957: eng Brochure vum Forstingénieur Paul Modert: Die verschwundenen Baumriesen des Luxemburger Landes.
- 1962 an 1967: zwou Brochüre vum Paul Modert iwwer: Die Baumriesen des Luxemburger Landes, I. Teil (1962) an II. Teil (1967).
- 1981: d’Forstverwaltung gëtt e Buch eraus mam Titel Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg.
- 1983: Luxemburg - seine sagenumwobenen Holzriesen vum Norbert Weins. Dëst Buch enthält eng Kompilatioun vun deenen Donnéeën, déi scho virdru verëffentlecht goufen.
- 2002: e Buch vun der Forstverwaltung an dem Naturmusée (Les arbres remarquables) mat
- - der Beschreiwung, der geneeër Plaz an der Foto vun deenen interessanteste Beem aus dëser Rei;
- - der Lëscht vun alle bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg, dorënner och déi déi als Monuments nationaux klasséiert sinn.
- Zousätzlech ass vum Naturmusée e Logo entworf ginn, deen op zwou Plaquetten ze gesinn ass: eng Plaquette mat der Indikatioun arbre classé, déi aner mat der Indikatioun arbre remarquable, fir (nach) net klasséiert Beem. Dës Plaquette sollen op deene betreffende Beem ze fanne sinn (wat awer Mëtt 2009 nach net ëmmer de Fall ass).
- 2008: Les arbres introduits au Luxembourg, vum A. Welter, J. Turk a J. Trossen. Ferrantia 53, 111 S.
- 2008: d'Forstverwaltung huet en neien Inventaire vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg an der Aarbecht.
- 2009: Seltene einheimische Baumarten in Luxemburg. Maßnahmen zur Erhaltung und Förderung. Erausgi vun der Administration des eaux et forêts. 58 S. (13 Aarte gi beschriwwen. D'Brochure gëtt 2008 als Publikatiounsdatum un. Si gouf awer eréischt den 20. Mee 2009 virgestallt a vun do un ausgedeelt).
[änneren] Beem, déi nach stinn
[änneren] Eechen
- Eech zu Biereng
- Eech zu Biwer IS
- Eech zu Bus
- Eechen zu Grentzen
- Eech zu Guedber
- Eech zu Heeschbrech; Heeschbrecher Bildchen
- Eech zu Heeschdref
- Eech zu Housen
- Eech zu Huewel
- Eech zu Kaalmes
- Eech zu Keel
- Eech zu Klengbetten
- Eech zu Koler
- Eech zu Lenneng
- Scheiereech am Gréngewald
- Eech zu Mutfert
- Eechen zu Munzen
- Eech zu Platen
- Eech zu Sëll
- Eech zu Siren
- Eech zu Steeën
- Eech zu Uewerglabech
- Eech um Bicherhaff (Gemeng Stadbriedemes)
- Eech um Engelshaff (Gemeng Nidderaanwen)
- Eechen um Kinséckerhaff (Gemeng Bech)
- Eechen um Pläitrengerhaff (Gemeng Konter)
- Eech um Schléiwenhaff (Gemeng Leideleng)
[änneren] Buchen an Hobichen
- Hobuch zu Aansebuerg
- Buch zu Baschelt
- Bluttbuch zu Bouferdeng
- Bluttbuchen zu Bouferdeng
- Trauerbuch zu Bouferdeng
- Buch zu Gousseldeng
- Buchen zu Hesper
- Buch zu Kréindel
- Buch op der Léif'frächen
- Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Buch am Péitrusdall, Bastioun Beck
- Hobuch op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg
- Buch zu Meesebuerg
- Buch zu Suessem
- Trauerbuch zu Suessem
- Buch op der Wolwener-Klaus
[änneren] Lannen
- Lann zu Baastenduerf
- Napoléonslann zu Beefort
- Sëlwerlannen zu Bëttel
- Lann zu Biekerech
- Lannen zu Boukels
- Lann um Briddel
- Lann zu Bungeref
- Lann zu Déifferdeng
- Lannen zu Diänjen
- Lannen zu Esch-Sauer
- Lannen um Fëschbecher Schlass
- Lann op der Giischterklaus
- Lann zu Hueschtert (Nidderaanwen)
- Lann zu Iechternach
- Wëll Lann vu Kënzeg
- Lann zu Klengbetten
- Willibrorduslannen zu Laaschent
- Lann zu Pëtscht
- Lannen um Pläitrengerhaff
- Lann zu Reiland
- Lannen zu Scheedel
- Lannen um Sennenger Schlass
- Lann zu Suessem
- Lannen zu Uewerfeelen
[änneren] Käschtebeem a Séisskäschtebeem
[änneren] Platanen
[änneren] Aner Beem
- Bierebam zu Holler
- Bierebam zu Schandel
- Biergahorn zu Manternach
- Dänn zu Kolmer-Bierg
- Douglasdänn zu Konsdref
- Dräidar zu Iener
- Fiicht zun Alschent
- Ginkgo op der Eecherplaz
- Ginkgoen zu Munneref
- Walddëschtel zu Grolënster
- Kifer um Briddel
- Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg
- Platan zu Munneref
- Schwaarzkifer zu Heeschdref
- Schwaarzkifer zu Bierschbech
- Sequoia zu Diddeleng
- Sequoiaen am Amaliepark
- Spirebeem um Pläitrengerhaff
- Sumpfzypress zu Mäertert
- Wakelter um Amberknäppchen
- Weiden zu Réiser
- Weid zu Kéideng
- Weid um Zoossenhaff
[änneren] Gruppe vu Beem
[änneren] Historesch Beem
[änneren] Literatur
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Mat der offizieller Lëscht vun alle bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg).
- Faber, Ernest, 1893. Alte Bäume. 36 S. Druck der St. Paulus-Gesellschaft, Lëtzebuerg.
- Faber, E., 1907. Die Baumriesen des Großherzogtums Luxemburg in Wort und Bild : mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. 67 S. J. Schroell, Diekirch.
- Faber, E., 1913. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg : In Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. 76 S. P. Worré-Mertens, Luxemburg. (Separatabzug aus der: Vereinsschrift der Gesellschaft Luxemburger Naturfreunde)
- Faber, E. , 1915. Merkwürdige Baumgestalten aus dem Grossherzogtum Luxemburg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25.1 : 334-417 (PDF 5,6 Mb).
- Faber, E. , 1916. Merkwürdige Baumgestalten aus dem Grossherzogtum Luxemburg (Nachtrag). Bull. Soc. Nat. luxemb. 26 : 241-245. (PDF 474 Kb)
- Faber, E., 1920. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg : In Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. Vermehrte Auflage. 95 S. Druck u. Verlag Franz Faber, Mersch.
- Modert, Paul, 1965. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Lëtzebuerger Bauere-Kalenner. S. 78-85.
- Moes, Jean-Nicolas, 1883. Fragekasten : Merkwürdige Bäume im Luxemburger Lande. Das Luxemburger Land, fascicule 25 - page 320.
- Sinner J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S.
- Mat enger kompletter Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg, enger ausféierlecher Bibliographie zum Thema, an engem Bild vun deenen zwou Placketten déi op d'Beem komme sollen.
- Weins, Norbert, 1983. Luxemburg - seine sagenumwobenen Holzriesen. Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg, 210 S.
- Welter, A., J. Turk & J. Trossen, 2008. Les arbres introduits au Luxembourg. 111 S. Ferrantia 53.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ Cf. Moes 1883 an der Literaturëscht:
Fragekasten : Merkwürdige Bäume im Luxemburger Lande
Wir lasen kürzlich im "Landwirth": "Beim Ausgange des Dorfes Berle bei Wiltz stehen drei alte ehrwürdige Linden, gepflanzt 1624. – Auf dem Banne von Munshausen steht ein Eichenbaum von mehreren hundert Jahren, den vieler Männer Arme nicht umspannen können, und der eine Höhle hat, in der zehn Männer stehen können [cf. Eechen zu Munzen]. Von diesem Baume und der ihn umgebenden Landschaft wurde voriges Jahr ein Bild aufgenommen für die in Brüssel erscheinende Illustration européenne. – Im Schloßpark zu Clerf befindet sich ein Tannenbaum von 4 Meter Umfang und zu Schimpach (Niederwampach) in der Wiese des Hrn. Servais eine Linde von 5 Meter Umfang." – Nach einem Schreiben des Hrn. Lehrers zu Berle steht bei dem Dorfe Wolflingen (Kanton Redingen) eine ungeheure, alte Buche, an welche sich eine schöne Geschichte knüpfen soll [cf. Buch op der Wolwener-Klaus].
Könnte uns Jemand Aufschluß über letzere Geschichte geben ? Knüpfen sich keine historische Begebenheiten, Unglücksfälle oder Sagen und Legenden an obige Bäume ? Gibt es noch solcher merkwürdiger Bäume in unserem Lande ? Wir bitten alle unsere Leser und Freunde uns bei etwaigen Mittheilungen den Umfang, die ungefähre Höhe, sowie alle Einzelheiten, welche sich an dieselben knüpfen, beifügen zu wollen."
Dono sinn eng sëlleg Informatiounen iwwer bemierkenswäert Beem an derselwechter Rubrik "Fragekasten" publizéiert ginn. - ↑ Een Deel vun dëse Beem besteet nach haut (Eech zu Heeschbrech; Eech um Bicherhaff; Willibrorduslannen zu Laaschent...) anerer sinn zënterhier verschwonnen (z.B. d'Mudderbuch am Juckelsbësch bei Mamer)
- ↑ Dës Publikatioun vum Ernest Faber gëtt an de folgende Joren e puer Mol nei ergänzt a publizéiert. Fir d'éischt gëtt dëst Wierk a Fortsetzungen op zwee Joer verdeelt (1912 an 1913) am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois rausbruecht. Dono ginn déi Deelartikelen zesummen als Separatum opgeluegt (cf. Faber 1913). 7 Joer drop kënnt eng erweidert Neioplo raus (cf. Faber 1920).
- ↑ Beim Raashaff, op der Kräizung vun de Stroossen, déi op Blaaschent an op Fëschbech (Miersch) féieren, stoung e Biergahorn. An den Nonzegerjore vum 20. Joerhonnert gouf en ewechgeholl.