Eech zu Sëll
D'Eech zu Sëll ass eng Wantereech (Quercus petraea; chêne rouvre ou chêne sessile; Traubeneiche) déi op der Kräizung vun der Strooss vu Sëll op Räichel mat där vu Sëll op Kapweiler-Kaalmes steet. Si ass sécherlech déi imposantst vun allen Eechen zu Lëtzebuerg, a gehéiert duerfir zu de bemierkenswäerte Beem am Land.
De Stamm ass relativ kuerz, däitlech schif, an en dréit eng gewalteg Kroun, déi perfekt proportionnéiert an équilibréiert ass, wat sécherlech drop zréckzeféieren ass datt de Bam zënter ville Joerzéngte fräi steet an no kenger Säit a sengem Wuesstum behënnert gouf.
Den Alter vun der Eech gëtt op 275 Joer geschat. De Paul Modert (1962, mëndlechen Témoignage aus engem Nopeschhaus) schreift, datt fréier Maart bei der Eech ofgehale gouf, an datt op der Plaz siwe weider Eeche stoungen.
Ënner der Eech steet eng Statioun vun engem Kräizwee vun 1920.
Tëschent 2000 an 2002 huet d'Sëller Gemeng um Lieu-dit Hëlzent, wou d'Eech steet, eng Parkanlag mat engem 200 m² grousse Weier uleeë geloos. Och deen ale Wäschbur gouf restauréiert an et gouf e Foussgängerwee vu Sëll bis an d'Parkanlag ugeluecht.
Geographesch Koordinaten:
49° 44’ 00’’ N 05° 58’ 54’’ O
Inhaltsverzeechnes |
Interessantes [änneren]
- Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet folgendermoossen zougeholl:
- 1907: ronn 4 m
- 1958: 4,72 m
- 1980: 5 m
- ëm 2000: 5,27 m. Du gouf eng Héicht vu 26 m gemooss.
- 28. Februar 2008: 5,47 m.
Domadder ass dëse Bam déi drëttdécksten Eech zu Lëtzebuerg (no der Eech zu Heeschbrech an där um Bicherhaff).
- 1974 gouf d'Sëller Eech duerch e règlement ministériel klasséiert, koum also op den Inventaire supplémentaire des monuments nationaux. 1978 gouf d'Kroun befestegt.[1]
Referenzen [änneren]
- ↑ Décisioun vum Gemengerot vum 1. Februar 1977. D'Aarbechten un der Bamkroun hunn 60.000 LUF (ca. 1500 Euro) kascht. G. Oth & N. Schockmel, 2009, S. 105:
Quellen [änneren]
- Oth, Gast & Nico Schockmel, 2009. Chronik unserer Gemeinde von 1940 bis 2008. In Sëll feiert. 150 Joer Chorale Sainte Cécile Saeul. 100 Joer Sëller Musek-Sëller Pompjeeën. 2009. Dréckerei Fr. Faber, Miersch, S. 89-121.
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf S. 64-65, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Cf. S. 16-17, Text a Foto).
- Modert, Paul 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Brochure ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 3 fir d'Eech zu Sëll).
- Faber, Ernest, 1920. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild. Fr. Faber, Miersch. (Cf. S. 31, Bild 8 an der Serie vun den Eechen).
Kuckt och [änneren]
- Kierch zu Sëll
- Aner bemierkenswäert Beem an der Gemeng Sëll :
- Déi dräi déckst Eechen zu Lëtzebuerg:
- Eech zu Heeschbrech
- Eech um Bicherhaff (Gemeng Stadbriedemes)
- Eech zu Sëll
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Eech zu Sëll – Biller, Videoen oder Audiodateien |