Platan zu Aansebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Platan beim Schlass zu Aansebuerg. Riets d'Parkmauer. Vir am Bild, de Geméisgaart vum Schlass.(August 2008).
E gewaltege Stamm, deen sech op enger Héicht vun ca. 3,5 m an zwee deelt.

Déi bemierkenswäert Platan zu Aansebuerg (Platanus hispanica) steet nieft der Äisch am verlängerten Deel vum Park vum Schlass zu Aansebuerg.

Wéinst hirem Alter, deen op ronn 220 Joer geschat gëtt, an hirer imposanter Statur, gëtt si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt.

Dës Platan ass als monument national klasséiert, woumadder si geschützt ass.

Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet folgendermoossen zougeholl:

  • 1980: 5,0 m;
  • ëm 2000: 6,65 m bei enger Gréisst vu 36 m.

Domadder ass dëse Bam déi déckste Platan zu Lëtzebuerg.

Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 42’ 06.18’’ N 06° 02’ 56.01’’ O

Quellen [änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Lëscht S. 243; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiranner).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Lëscht S. 162; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiranner).

Kuckt och [änneren]

Fotoen [änneren]