Eech zu Biereng

Vu Wikipedia
Eech zu Biereng
D'Eech vun uewen erof gesinn. Am Hannergrond: den Uelzechtdall (Mee 2008
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Plaz Biereng
Adress Bierengerbierg
Koordinaten 49°45'43,20"N, 6°7'45,37"O
Bamaart Wantereech
Status Klasséiert Monument
Héicht 14,5 m (2023)
Duerchmiesser 1,02 m (2023)
Ëmfang 3,20 m (2023)
D'Eech op der Kluckelay.
D'Eech am Ufank vum 20. Joerhonnert (Faber 1915).

Déi bemierkenswäert Eech zu Biereng ass eng Wantereech (Quercus petraea, chêne rouvre ou chêne sessile, Trauben- oder Wintereiche) déi am Nordoste vu Biereng an der Gemeng Miersch op engem opfällege Fiels vum Lëtzebuerger Sandsteen, der Kluckelay, steet.

Wéinst deem dominanten Androck deen d'Eech op 'hirem' Fiels mécht, zielt se zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg a gouf duerch den Arrêté ministériel vum 29. Mäerz 1974 als Nationalmonument klasséiert.[1]

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Eech fënnt ee wann een zu Biereng d'Strooss (Rue Wenzel) op de Bierengerbierg (ass zu Biereng ausgeschëldert) eropfiert, a sech op der Kräizung uewen am Hank riets hält. Ronn 500 m duerno fënnt een de Bam riets vum Wee.

Entwécklung vum Bam[änneren | Quelltext änneren]

De Bam ass sécher däitlech méi al wéi seng Gréisst an d'Déckt vum Stamm et uweisen, dëst well déi dënn Buedemschicht um Fiels net genuch Waasser fir en normale Wuesstum späichere kann. D'Wuerzele vun der Eech sinn op der Sich no Fiichtegkeet duerch d'Splécke bis un d'Basis vum Fiels gedrongen, wou se zum Deel aus dem Fiels eraus gewuess sinn.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer Bemierkung
1907 1,90[2] 0,60
1958 2,60[2] 0,83
1980 3,60[2] 1,15 14,00 De Stamm moosst just 1 m,

d'Gafelen hunn en Ëmfang vun 1,50 m an 1,90 m[3]

≈2000 2,04[3] 0,65 15,00
2023 3,20[3] 1,02 14,50


Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Cf. S. 90-91, Text a Foto).
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 32-33, Text a Foto. Och eng Reproduktioun vun der Foto vum Faber 1915).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 42-43, Foto an Text).
  • Modert, Paul, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Editeur a vun der Dréckerei. (Cf. Tabell S. 8).
  • Faber, Ernest, 1915. Merkwürdige Baumgestalten aus dem Grossherzogtum Luxemburg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois. Festschrift zur Feier des 25jährigen Bestehens (1890-1915). S. 335-417 (Cf. S. 341, Foto 34 S. 409). Dréckerei P. Worré-Mertens. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eech zu Biereng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial B N°77 (2003)
  2. 2,0 2,1 2,2 op der Basis gemooss
  3. 3,0 3,1 3,2 op Broschthéicht gemooss