Diskussioun:Biver (Familljennumm)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Patronym Biver geet net je nodeem op d'Duertschaften Béiwen(g)/Réiser oder Biwer/Wecker zréck, ma op alles an allem 10 Dierfer hei am Land; dat ass dat wat de Lokalhistoriker Jhemp Biver, résuméiert, ouni de ganzen Artikel aus dem Bulletin vu IGD-LEO zitéieren ze mussen, soe wollt. Ech menge schons datt et net onbedingt ubruecht ass, fir alles eraus ze schmäissen, a nach just déi zwee uewe genannten Dierfer stoen ze loossen. Deen esou mat engem Text ëmspréngt, verfälscht de Fong vun der Saach.

Ech géif esouguer soen: näischt vum Sujet verstan. --arachnaeus (Diskussioun) 18:40, 5. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien, mäin Zil war net, ierged eppes ze verfälschen, mee méi einfach auszedrécken. Dat mat den néng aneren Dierfer hat ech iwwersinn (pardon dofir) , an hunn et nees dragesat. --Zinneke (Diskussioun) 18:55, 5. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]
PS: Trëfft dat och (wat ech unhuelen) op d'Nimm Biever a Biwer zou? Da kinnt dat och do derbäigesat ginn.

'n owend: excuse ugeholl, ma esou geet et wann ee méi séier schafft wéi ee kucke kann :-). am artikel / essai iwert de numm Biver (IGD-LEO) gëtt gewisen, datt am fong all déi Biever-Biewer-Biver-Biwer op déi selwecht duerfnimm zréckgefouert gi kéinten! déi orthografesch varianten déi mer hunn kommen alleguer dohir, datt eeben d'orthograpesch form laang, bis ufank 20. Jh. net fixéiert woar. an all schreiwerléck huet dat geschriwen, dat e fir richteg gehalen huet. an ech denke mer, datt déi spéngelschësserei wéngt enger "korrekter" orthographescher form guer net esou wichteg geholl ginn ass. wat elo nach feelt, dat ass den hiwäis (stung am original v. 4.12. dran) datt mer haut nach 205 mol de Biver ënnert deene nimm hunn, fir déi méi ewéi nëmmen eng oder zwou etymologesch wuerzelen a fro kommen. am primären text stung och dran, datt am fong jidder Biver säi bamstamm / stammbam oprichte misst fir eraus ze fanne vu wou säi numm hirkënnt. PS.: ech gesinn och haut, datt den primären text v. 4.12 net grad lexikon-like woar. ma ech wollt och den hiwäis op d'UNI net onbedingt an de popeierkuerf geheien. dat ass de grond vun de komplikatiounen am text. --arachnaeus (Diskussioun) 19:57, 11. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

nach eemol, wat verfälschen ugeet:
meng éischt interventioun huet och drop higewise wéi dacks de patronym 'BIVER' den ament am land ze fannen ass, a weider hunn ech och drop higewisen, datt de patronym 'BIVER' am 'ranking' vun deenen déi méi ewéi eng bedeitung hu kënnen, n° 205 ass; steet och um site vun der UNI; alles dat ass verluer gaangen.... a weider hunn ech am urtext stoen datt, fir d'etymologie vum numm 'BIVER' komplett ze kréien, all famill déi den numm dréit, hire stammbam maache misst; esou en exempel steet och am 'lfa' (famill 'OTH').
ech hu mech vläischt ze vill komplizéiert ausgedréckt, ma eng saach déi esou komplizéiert ass wéi di hei, ka net an zwéi sätz gesot ginn.--arachnaeus (Diskussioun) 17:52, 21. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien och, Enzyklopedië sinn net do fir de Leit ze soen, ob a wéi se hire Stammbam solle maachen. Dofir gëtt et genuch Genealogiessäiten. Zevill an den Detail goen nëtzt och näischt well streng geholl si sou Homonymiessäite just do fir op déi verschidden Nimm an Artikelen hinzeweisen, an net fir grouss etymologesch Hannergrënn z'erfuerschen. Wann een dat wëll maachen da soll et Stil vun der Wiki gemaach ginn an ouni zevill aus der Rei ze danzen. An dann och w.e.g. bei allen Nimm an ëmmer an dem selwechte Format, soss kréie mer op eemol gesot mir hätte Preferenzen. Par Rapport zu aneren Nimm ass lo scho vill Gedäisch ëm d'Biveren, Biberen an d'Castore gemaach ginn. Wéi wier mat engem Artikel iwwer de Familljennumm Nilles, soss kréi mer och nach Sträit mat deenen all well mer ons net ëm si bekëmmert hunn. Nach schéi Feierdeeg gewënscht --81.244.214.205 18:15, 21. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]
och moien; falsch verstan, deet mer leed; si net wëlles déi stammbeem op WIKI ze maachen, dat sollt jidderee fir sech doheem maachen an dann d'etymologesch resultat an enger lëscht derbäi publik maachen. entweder mer maachen eng oarbecht ganz, wéi et sech fir eng Enzyklopedie gehéiert oder mer loossen et ganz sinn. déi saach huet nun emol méi facetten, wéi een op den éischte bléck mengt. bis dann, an e gudde rutsch --- --arachnaeus 14:07, 22. Dez. 2016 (UTC)

mhd biber als Wuerzel[Quelltext änneren]

biber Castor[Quelltext änneren]

...als ausgangsbasis fir de patronym Biver gefällt mer guer net. am bulletin vun IGD-LEO ass keng rieds dervun. do misst emol ee kommen an äis beweisen datt mer där béischten, Castoren am land haten. allerdéngs, an der herrschaft Brandebuerg ass de wope vun der famill de Biewer mat Castor am schëld ze fannen. --arachnaeus (Diskussioun) 20:20, 12. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien, a fir wat solle keng bei ons am Land gewiescht sinn, wa s'iwwer ganz Europa verspreet waren an ons Éisleker Baache sech besonnesch gutt fir dat Gedéiesch eegnen. Iwwregens zanter e puer Joer sinn der nees en etlech, déi vum selwen erëmkoumen, ze gesinn. --Les Meloures (Diskussioun) 20:30, 12. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]
PS. dat hei steet am Luxemburgischer Familiennamenatlas: Berufsübername zu mhd.-mfrk. biver, normalmhd. biber 'Biber' für den Biberjäger; vgl. auch ↑Bivert. Oder sollen do déi lëtzebuergesch net gemengt sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 20:38, 12. Dez. 2016 (UTC)[äntweren]