Diskussioun:Burg-Reuland

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Erem e Fotoalbum an deem ee nemmen e puer vun deene ville Fotoe gesäit. Hält dat da ni op mat deene Galerien.Johnny Chicago 14:13, 17 Mäerz 2006 (UTC)

Ech hu jo wierklech näischt géint gudd illustréiert Artikelen, mee an deem heite Fall ass et awer liicht iwwerdriwwen, do erdrécken d'Biller jo quasi den Text. Mäi Pefferkär :) --Briséisβρισεισ 15:04, 17 Mäerz 2006 (UTC)

D'Gemeng Buerg-Räiland setzt sech aus 22 Uertschaften zesummen. ë.a.[Quelltext änneren]

Ech kann sou vill ziele wéi ech well a fannen der nëmme 19 hei am Artikel Les Meloures 21:13, 2 Januar 2007 (UTC)

Op der Gemengewebsäit geet ausdrécklech Rieds vun 22 "Dierfer". Ech konnt der bis elo 19 zesummekrazen. Am Artikel vun der de-Wiki stinn der 26!!! Well hei ee gemengt huet, déi Uertschaft hätt e lëtzebuergeschen Numm, deen hei misst dragesat ginn, hat dat natierlech Virrang. An esou ass wéinst dem Gesabbels iwwer den Numm de Rescht emol leiegelooss ginn. --Cornischong 22:17, 2 Januar 2007 (UTC)

Bei dem wichtege Gespréich iwwer d'Biller schéngt dat heiten net opgefall ze sinn:
Buerg-Reiland ass eng vun de Gemengen, déi der Belsch opgrond vum Traité vu Versailles den 28. Juni 1919 zougesprach goufen.
Wou komme mer dann do drunner?
Les Meloures 18:16, 2. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Vläit vun hei?--Jwh 23:09, 2. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Ech denken dëst ass nach méi genee. --Robby 06:29, 3. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Am Artikel gouf et elo g'ännert.Les Meloures 07:10, 3. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]