Diskussioun:CFL 3600

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Text "... fir sech wéinst der Hëllef bei der Elektrifizéierung ze revanchéieren, goufen bei der Firma MTE 20 Lokomotive fir 25KV 50Hz Wiesselstroum bestallt ..." steet am Widersproch mat der Ausso "Als Ausgläich vun de Käschten, déi beim Bau vun der Muselkanaliséierung entstane waren, huet de franséische Stat dem Lëtzebuerger Stat 20 elektresch Lokomotiven ginn, déi dunn 1958 un d'CFL weidervekaaft goufen. Et waren dëst d'Lokomotiven BB 3600 (N°3601-3620)" déi am Artikel Société nationale des chemins de fer luxembourgeois ze fannen ass. --Pecalux 09:35, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Daat ass kee Widdersproch, eischter ergänzend. Dass et och als Ausglaich vir d'Muselkanaliséirung wor, war mir perséinlech net bekannt. Ech mengen dann schreiwen mer béides dohin, well daat eent schléisst dat annert jo net aus.

--Luxmaster051 09:51, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech verstinn net datt et kee Widdersproch soll sinn. Wann de franséische Staat se op der enger Säit sollt geschenkt hunn, an op der aner Säit sollte se kaaft gi sinn dann ass dat wuel e Widdersproch. Les Meloures 09:58, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Jo, stemmt an ech hun och lo geklärt wou di Confusioun hierkoum. De Lëtzebuerger Staat huet Ufanks 1957 bei MTE di Lokomotiven bestallt, mee well et eng laang Waardezait gouf, huet een sech mat der SNCF arrangéiert vir 3 Lokomotiven vun där schon bestallter Série 12000 ze kréien. De franséiche Staat huet déi un d'Lëtzebuerger oofgetrueden, an daat als Geigenleeschtung vir d'Hëllef bei der Muselkanaliséirung. Dat waren d'3601-3603. Di reschtlech 17 Machinnen sinn ganz normal bei MTE kaaft ginn. Dat waat am CFL Artikel steet ass also net falsch, mee et gëlt eeben nemmen vir di eischt 3 Maschinnen.

--Luxmaster051 16:11, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


a nach eng Differenz:[Quelltext änneren]

Hei steet, se wiere bei der Ausliwwerung "Standart gro" lackéiert gewierscht. Am CFL-Artikel hätte se "bloe Lack" gehat. --Pecalux 09:59, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Daat war mai Feeler, ech hunn meng Informatiounen aus deem hei Artikel an do schreift den Auteur eppes vun "Gris de Tolède", mee dat war eng Iwwergangs Léisung. Dat se ugangs blo waren ass korrekt.

--Luxmaster051 10:06, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien, da sinn ech berouegt, datt mer iwwerall e bësselche falsch sinn. Les Meloures 19:15, 16. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]