Diskussioun:CR191

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, weess een, wou ze liesen oder gesinn ass, dass d'Grenz mat Frankräich kierzélech redresséiert gi wier? Um Geoportail ass näischt esou ze gesinn (do ass dat Stéck nom Tunnel bis bei de Rondpoint nach ëmmer a Frankräich), ech ka mech och net erënneren, eppes driwer gelies ze hunn, a wéi ech d'lescht Kéier do laanscht gefuer sinn, stoungen nach ëmmer Grenzschëlter do. Zinneke (Diskussioun) 10:41, 9. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]

Moien och, den Ulaf fir déi Grenzännerunge gouf schonn de 6. Mee 2004 geholl (Konventioun) an den 20. Januar 2006 als Projet de Loi zu Seninngen ënnerschriwwen. An deem Projet de loi, sougutt an deem lëtzebuergeschen wéi och an deem franséische, war festgehale ginn datt ronn 8 ha Terrain sollte getosch ginn. (Ass wann e sech e bëssi Méi mécht, um Internat ze fannen). Wann e gutt an de Kaarte kuckt fënnt een dat hei:
Op Via michelin mat den neie Grenzen
Um Geoportal

Text:

1. La Partie française cède à la Partie luxembourgeoise une portion de territoire d’une superficie totale de 8 ha 96 a 79 ca dans le système LUREF.

La Partie luxembourgeoise cède à la Partie française une portion de territoire d’une superficie totale de 8 ha 96 a 79 ca dans le système LUREF.

2. Le tracé de la frontière franco-luxembourgeoise entre le département de la Moselle, commune de Russange, et le Grand- Duché de Luxembourg, commune de Sanem, dans les secteurs compris entre les bornes anciennement numérotées de FL 11 à FL 21 et dont les nouvelles numérotations sont les suivantes :

Bornes FL 11 I jusqu’à FL 11 VII inclus ;

Bornes FL 13 I jusqu’à FL 13 VI inclus ;

Bornes FL 15 I jusqu’à FL 15 IV inclus ;

Borne FL 19 ;

Borne FL 19 II ;

Borne FL 19 III ;

Borne FL 19 III 1 jusqu’à FL 19 III 11 inclus ;

Borne FL 19 IV ;

Borne FL 19 IV 1 jusqu’à FL 19 IV 5 ;

Borne FL 19 V ;

Borne FL 19 VI ;

Borne FL 19 VI 1 jusqu’à FL 19 VI 5 inclus ;

Borne FL 19 VII ;

Borne FL 19 VII 1 ;

Borne FL 19 VII 2 ;

Borne FL 19 VIII ;

Borne FL 21,

est rectifié après échange de parcelles de surfaces égales conformément au plan numéro P6275203 à l’échelle de 1/2 000, joint à la présente convention en annexe 1 (1) et qui en fait partie intégrante.

--Les Meloures (Diskussioun) 11:43, 9. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Merci. Vü dass d'Grenzschëlter nach ëmmer do stinn (ech war haut kucken), an och just eng Kaart vu Geoportail (ënner villen) dat uweist (déi soss bossegerweis guer net à jour ass, z.B. wat Gebaier a Stroossen um Belval betrëfft) huelen ech hun, dass déi Affär nach net ofgeschloss ass. Ech hunndofir dat mat deem glungenen 'Ausfluch a Frankräich' emol am Text preziséiert a Fotoen dobäieat. Zinneke (Diskussioun) 22:17, 13. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Gudde Mëtteg,
Eng éischt Konventioun ass de 6. Mee 2004 zu Esch tëscht Lëtzebuerg (Transportminister Henri Grethen) a Frankräich (Statssekretär Frédéric de Saint Sernin) ënnerschriwwen ginn (Extrait Chamberblietchen, S. 474-475): Eng weider Konventioun dunn den 20. Januar 2006 zu Senneng (Projet de loi 5564); dee Projet de loi ass mat 60 „Jo“Stëmmen an der Chamber ugeholl ginn, et gouf eng Dispens fir den 2. Vott ausgesprach an d'Gesetz ass den 11.08.2006 am Memorial A137 publizéiert ginn. Et ass de 15.08.2006 a Kraaft getrueden. - Dat ass dann emol gekläert.
Net gekläert ass et awer op de Kaarten… engersäits ass um Geoportail d'Grenz op der 5000er Kaart südlech vum CR191 agezeechent (.-.-.) a wann een de Layer "Grenz" aschalt (rosa Linn), ass d'Grenz zimmlech parallel mat der Rue de l'Usine.
(Wat iwweregens nach interessant ass, ass datt déi ronn 8ha déi getosch goufen net just den Territoire vu Frankräich a Lëtzebuerg betreffen, mä datt se op Lëtzebuerger Säit bei der Gemeng Suessem ewech gefall a bei Esch derbäi komm sinn!) | GilPe (Diskussioun) 13:09, 14. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Nach eng kuerz Informatioun. Wann de Kadaster eppes vermoosst, ob dat lo Landesgrenze sinn, oder Grenze vu Privatpropriétéiten, da mécht en dat op Basis vu legalen Dokumenter an Titres de Propriété (Verkaafsakt oder Akt vun engem Tosch wéi hei) soss mécht dee keen Abornement an e geet net blannemännches Maarken doruechter setzen wann en dat entspriechend Dokument net huet. Datt do lo nach Stroosseschëlter stinn, dat ass och net dem Kadaster säi Béier, dat ass well d'Ponts et Chaussées se nach net ewechgeholl huet. Dat kann eventuell nach e Strapp daueren bis dat engem opfällt. Et ass jo net fir d'éischt datt verschidde Verwaltungen et net ëmmer färdegbrénge fir synchron ze schaffen. Dat muss a ka jo och net ëmmer sinn well jiddwereng aner Prioritéiten huet. Déi nei Grenzmaarke sti jo och schéi giel ugestrach op de Plaze wou se op der Kaart vermierkt sinn. Se si bal net ze verfeelen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:03, 14. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Op Nofro beim Kadaster heescht et (16.02.24): „Moien, do ass virun e puer Joer een Tosch gemaach ginn. Déi 5000er ass nach vu virdrun.“ An deem Fall géif d'Strooss - wann ech dat richteg gesinn - eréischt zënter der Grenzupassung duerch Frankräich lafen… | GilPe (Diskussioun) 13:18, 16. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Rosa = Grenzverlaf;
gestréchelt = Verlaf op der aler 5000er Kaart