Diskussioun:Camille Polfer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

a vun 1969 un war hien (de Camille Polfer) Deputéierten an der Chamber.

De Camille Polfer misst 1969 Sportskommissär gi sinn a vum Emile Krieps an der Chamber ofgeléisst gi sinn. Steet dat iergend wou dat de Camille Polfer 1969 an d'Chamber koum?--Fliedermaus 17:34, 23 Oktober 2006 (UTC)

An der Publikatioun "ons stad" no 12 vun 1983 steet: Bien qu'élu député à deux reprises, il renonça à siéger à la Chambre, préférant se consacrer à la politique au niveau communal.--Fliedermaus 07:14, 24 Oktober 2006 (UTC)

Dann ass dat ee vun de sëllege Feeler am neie "Lexikon". --Cornischong 08:16, 24 Oktober 2006 (UTC)

Do schengt iergenwéi villes nët ze stëmmen. Sou weit wéi ech an Erënnerung hun war en 3 mol gewielt ginn. Mee ech ka mech och iren. Sëcher ass emol dass hie 1969 vun de Scouten aus dem Rollengergronn als Deputéierte gefeiert ginn ass. Daat steet op deenen hierer Websäit. Datt e Sportkomissär ginn ass steet jo och fest. Do hun ech nach keen Datum fonnt. Vläicht huet ee Relatiounen am Sportsministär vir daat erauszefannen. Ech verstoppen d'Informatioun emol bis mer do ganz secher sinn Les Meloures 08:53, 24 Oktober 2006 (UTC)

Par arrêté grand-ducal du 15 mars 1969, Monsieur Camille Polfer, professeur d'éducation physique, a été nommé aux fonctions de commissaire général aux sports. Quell: Mémorial B N° 20 vum 12. Abrëll 1969 S. 299--Fliedermaus 10:36, 24 Oktober 2006 (UTC)

Lues a lues komme mer der Saach méi no. Ech misst nach haut weider Informatiounen aus "beschter Quell" kréien. Huet nach een eng Fro (ofgesinn vun der "Chambersaach")? --Cornischong 10:41, 24 Oktober 2006 (UTC)

Bis wéini de Camille Polfer Buergermeeschter war, wess ech och nach net genee (Ënn 1981 oder Ufank 1982) mä dat misst ech am Mémorial B erausfannen.--Fliedermaus 11:50, 24 Oktober 2006 (UTC)

Mol ee Merci un d'Fliedermaus vir d'Hëllef an dësem Artikel Les Meloures 11:56, 24 Oktober 2006 (UTC)

Gär geschitt.

D'Lydie Polfer misst vum 1.1.1982 un Bouergermeeschter gewiecht sinn. Den "Arrêté Grand-Ducal de Nomination" ass vum 22.12.1981. Quell : Mémorial B N° 14 vum 18. Februar 1982 S. 352.

Eng Démissioun vum Camille Polfer hunn ech net am Mémorial B vun 1981 (och net an deem vun 1982) fond. Ech hulen duerfir mol un dat hie säi Mandat fäerdeg gemaach huet (bis den 31. Dezember 1981).--Fliedermaus 13:27, 24 Oktober 2006 (UTC)

Léif Leit. Kommt mer verpolferen net d'Zäit domat, fir stonnelaang a Memorialen ze bliederen, an hei e Roman ze schreiwen, wat nawell hätt kéinte gewiescht sinn oder wat méiglegerweis net esou war wéi ee virdru gemengt hat.. Ech hunn (wéi schonns uewe steet 10:41!!) op der "beschter Plaz" Informatioune gefrot an ech soll se haut oder mar kréien. An deeër Zäit loosse sech aner Saache schreiwen :-)) --Cornischong 13:51, 24 Oktober 2006 (UTC)