Diskussioun:Cowper

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Lëtzebuerger soen Kauper. Firwat gi mer dat net hei gewuer. 81.244.55.204 13:32, 14 Oktober 2007 (UTC)

"D'Lëtzebuerger soen Kauper." Alleguer? Dat ass eng einfach Behaaptung, déi duerch näischt beluegt ass. Mengem Noper säin Dackel nennt dat Wuff. Deen Apparat ass genannt no engem Mann, deem säin Numm kuper ausgeschwat gëtt. Komesch hein? An dat gi mer hei gewuer: ( http://en.wikipedia.org/wiki/Cowper_%28surname%29 ) Hei gëtt een eeben alles gewuer. --Cornischong 20:23, 14 Oktober 2007 (UTC)
Moie léif Cornischong
Och wann ech kee sougenannten bekannten User sinn, kucken ech vill an der lëtzebuerger Wikipedia no. Datt se, vü d'Zuel vun de Mataarbechter a vun hierem Alter hir nach schwaach op der Broscht ass, ass ganz normal. Ech hun esouguer gutt Artikele fonnt, e vill méi komplett wéi an de grousse Wikipediaen.
Ech hat hei uewedriwwer d'Bemierkung gemaach D'Lëtzebuerger géife Kauper soen.
Dorobs gës du mer eng Äntwert dem Noper säin Hond géif wuff soen. Huet deen Hond dann eng Kéeier op enger Schmelz gaschafft datt deen dat esou gutt weess. Wa jo da misst dat e relatif alen Hond sinn. E schwätzt och vläicht nëmmen d'Dackelssprooch, an et huet nach keen déi richteg Iwwersetzung derfir fonnt.
Da froen ech dech elo mol ganz einfach wéi soll ech dee Lemma liesen kuper oder Kofper.
Vläicht freest de dann emol bei engem no den op der Schmelz geschaft huet, et gëtt bestëmmt nach e puer Héichueweningenieuren deé der do hëllefe kënnen.
Eng Informatioun wéi Lëtzebuerger dofir gesot hunn, einfach esou mat de Féiss ze trëppelen ass menger Meenung no net déi bescht Art a Weis fir op der Wikipedia op lëtzebuergesch weiderzekommen.
Ech hunn och am ganzen Internet gewullt an hun ofgesinn vun de Familienimm ënner Cowper just eraus fonnt dass daat den Numm vun engem Distrikt an New South Wales ass.
Als Enzyklopedist hättst de der vläicht Gedanke kënne maachen firwat datt d'Lëtzebuerger 'Kauper soen. ?? 81.244.167.47 10:12, 15 Oktober 2007 (UTC)