Diskussioun:Engelshaff

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei ass onbedéngt eng 'besser' Quell erfuerdert wéi déi zwou déi haut do stinn. Vläicht gëtt et eng Publikatioun vun de Nidderaanwer Geschichtsfrënn iwwert den Engelshaff ? --Cayambe 16:45, 6. Mäe 2008 (UTC)

"Déi läscht Erklärung gëtt haut als déi warscheinlechst ugesinn." Liese mer lo aus de Kazendäerm? Ech si kee Frënd vun deene Saachen, déi ugesi ginn. Vu wiem dann?? Dat ass e Sproochstil, deen de Schäissbierg erof féiert. Dat erënnert mech un déi däitschsproocheg Wiki, déi virun zwee, dräi Jore voll vu Sätz war, wéi "vu verschiddenen Wëssenschaftler als richteg unerkannt", "als berüümt ugesinn". Fir mech ass dat Brach. Dëst liest sech vläicht e bëssen haart", mee deen "haten iergenwou gelies" System ass mer zuwidder. --Cornischong 20:58, 6. Mäe 2008 (UTC)

Salut Cornischong, däin Toun gefällt mer net.
Ech halen drop, datt alles wat hei geschriwwe gëtt, wann nëmmen iergendwéi méiglech op verëffentlecht Quelle baséiere MUSS. An hei hat ech d'Quellen genee opgezielt. Ech weess an der Zwëschenzäit dass d'Geschichtsfrënn vu Nidderaanwen heiriwwer publizéiert hunn, duerno dëst op hirer Websäit resuméiert hunn: deen Text deen haut hei steet kënnt vun däer Websäit. Déi betreffend Publikatioun beschaafen ech mer nach a setzen se dann hei bäi. --Cayambe 12:50, 7. Mäe 2008 (UTC)