Diskussioun:Enzymologie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

heescht Molekül op letzebuergesch net "Molekel?!" jiddefalls nennt mäin Physikproff et esou --JimHawk 21:17, 12 Juli 2005 (UTC)

näischt fir ongutt, mä daat ass mer awer dann ebessi vill folkloristesch --Marcus 21:26, 12 Juli 2005 (UTC)

"Molekül" steet zuguer am "Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch" . Fir de Kommentar schléissen ech mech dem Marcus un. :-) --Cornischong 21:53, 12 Juli 2005 (UTC)


Firwaat heescht den Artikel net Enzym ? --Alexandra 12:55, 13 Juli 2005 (UTC)

Daat ass eng gutt Fro, Alexandra, ech wollt matt méi engem globalen Artikel starten wou en am Ufank zimelech vill kann drantessleen an je nodems wéivill Zäit a Loscht ech oder soss en huet kann een spéider verschidden Deeler an aner Artikelen auslageren. Falls awer nach méi Leit mengen "Enzym" wär e besseren Numm dann soll dem näischt am Wee stoen --Marcus 13:06, 13 Juli 2005 (UTC)

Ech hat just gefrot, well eeben am éischte Satz d' Wuert Enzym mat Erklärung drasteet. Falls den Artikel awer méi allgemeng soll sinn kann een e roueg Enzymologie nennen, mä da vlaicht deen éischte Satz och domat ufänken? Di meescht Artikelen ginn emol esou gehandhaapt. Just eng Propose :-) --Alexandra 14:06, 13 Juli 2005 (UTC)

Zu dem Wuert: Du benotz eng Kéier " e biologescht Molekül " (also sächlech) dann " en Atom oder eng Molekül" (weiblech). Well ech net an den Artikel well wulle goen, wollt ech der et hei soen. --Cornischong 14:23, 23 Juli 2005 (UTC)

Molekül ass natierlech sächlech. --Cornischong 14:24, 23 Juli 2005 (UTC)

Ech wollt déi Saach elo riichtbéien an hun dun gemierkt datt ech dobäi total versoen an alles duercherneegehéien. Ech kann daat nett matt dene lëtz. bestemmten an virunallem onbestemmten Artikelen (op mannst net wann ech driwwer nodenken an nett einfach droplasschreiwen). En plus héieren ech nach de ganzen "une/la molécule"... Probéier roueg dran ze verbesseren well schlemmer kann et net gin ;-) an souwisou ass déi Saach nach laang net färdeg --Marcus 13:18, 24 Juli 2005 (UTC)