Diskussioun:Fort Dumoulin

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Merci, roude Léiw, en Artikel wéi aus dem Billerbuch. A propos Biller: D'Kiischt um Kuch wier eng Foto vun deem Gebai. Falls De eng bei Hand häss... :))

--Zinneke 10:01, 26. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Dat ass fir d'nächst Woch geplangt, do ginn ech mam Fotoapparat op d'Pirsch. :-) Wat nach bei deem Artikel feelt sinn och Informatiounen iwwer den Ëmbau wéi en elo gemaach gëtt, da wier dee wierklech komplett. --Roude Leiw2001 12:09, 27. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Den Titel ass geännert ginn: Dumoulin wat den originalen, offiziellen Numm, dofir soll dat och den Numm vum Artikel sinn. Och haut nach gëllt déi Bezeechnung, wéi de Stroossennumm an den Numm vum Busarrêt beim Fort weisen. Firwat den Numm an "du Moulin" geännert ginn ass, doriwwer kann nëmme spekuléiert ginn, dofir wëll ech och do keng Detailer mat an den Artikel huelen - vläicht well et nom "Preis" Jakob Dumoulin benannt gi war? Op alle Fall ass "Dumoulin" e besseren Titel. --Roude Leiw2001 09:01, 1. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]