Diskussioun:Fort Thüngen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ouni d'Hoer wëllen ze splécken. Ech "mengen" (dat wier nach ze kucken): D'Dräi Eechelen sinn nëmmen e klengen Deel vum dem eigentlechen "Fort Thüngen". De Fort huet jo missen ausgegruewe ginn, datt een en iwwerhaapt konnt gesinn. --Cornischong 01:41, 3 Jul 2005 (UTC)

Wann s de wierklech genau wëlls sinn, da sinn d'dräi Eechele just déi dräi Eechelen, déi als Dekoratioun op den Tierm sinn. Déi hunn dem "Déngens" ronderëm den Numm ginn. Wat dat Déngens elo genee fir de Volleksmond ass, weess ech net (wat dem Fort selwer awer egal ass - just dem Redirect net). Mee ech géif emol "mengen", et wier just dat, wat een no der Schläifung do gesinn huet: déi dräi Tierm an de Park ronderëm (deen et elo net méi gëtt). E richtege Stater kann eis do sécher méi soen... --Otets 3 July 2005 21:48 (UTC)

Op der Foto ass wieder de Musée, nach d'dräi Eechelen~. nach de Fort, nach eng eenzeg "Äichel" (um Tuerm) ze gesinn! --Luftikuss 07:33, 5 Juli 2006 (UTC)