Diskussioun:Fortschrëttlech-demokratesch Partei

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Walresultat 1931[Quelltext änneren]

Déi franséisch an englesch Wikipedia schreiwen an den Artikelen iwwer d'Partei, si hätt 5.3% vun de Stëmme krut.

An den Zeitungsartikele vun deemols gesäit een, datt d'Partei am Ganzen 35.702 krut, an datt et am ganze Walbezierk 291.280 Stëmme goufen. Fir mech bedeitend dat, datt si 12% vun de Stëmme kruten. Gesinn ech do eppes net? --Bdx (Diskussioun) 15:22, 10. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]

Moien, Prozenter bei Walen zu Ltz. sinn emmer sou eng Saach, well se am Fong nemme pro Walbezierk eppes aussoen, an een se net op d´ganz Land héichrechne kann. Wat eenzeg zielt, ass, wéivill Setzer eraussprangen. Am Süde brauch een eppes iwwer 3 Prozent fir ee Setz ze kréien, am Osten der bal 13...
Am heite Fall huelen ech un, dass iergendeen dat duerch d´Stemmbevelkerung vum ganze Land dividéiert huet, och wann dat net vill Senn mécht.--Zinneke (Diskussioun) 21:40, 10. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]
OK, Merci fir d'Erklärung! Mengs du, et wier da besser, d'Mentioun iwwer Stëmmzuel a Prozentsaz erauszehuelen? --Bdx (Diskussioun) 06:06, 11. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]
Net onbedingt, soulaang kloer aéss, wourop d'Prozenter sech bezéien.--Zinneke (Diskussioun) 11:43, 14. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]