Diskussioun:François Mersch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Publicatiounen[Quelltext änneren]

Do ass ëppes komesch an der Lëscht - déi Bicher déi ech hei hunn, heeschen anescht an hunn och besonnescht een anert Publikatiounsjoer. Ech mengen all déi mat Tome I II etc.

Bei mir si se guer net getommt, heeschen och net Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque, mä zB einfach Luxembourg, Forteresse & Belle Epoque an dat wier 1976 erauskomm. Grad esou heescht et bei menger Ausgab net Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque Guerre et Paix, mä Luxembourg, Belle Epoque, Guerre et Paix mam Datum Mäerz 1978. Ech versichen do méi erauszefannen, vläit si jo Nooploë gemacht ginn.

Tome II, 1990 ass jo warscheinlech een Tippfeeler, deen ech awer net verbessert hunn.

Dann hunn ech deen Doudesdatum 1983 derbäigesat, hoffen d'Quell stëmmt, versichen dat och ze préifen. --Jwh (Diskussioun) 03:13, 13. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]