Diskussioun:Fritz Rasqué

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hie war Paschtouer zu Buerschent

Déi Ausso gouf mol einfach sou iwwerholl. Wou ass eng Referenz dozou.? Ech hu keng fonnt an dofir dat mol aus dem Text eraus geholl. Datt en eng Parti vum Krich zu Buerschent war, dat stëmmt, mä ob en och Paschtouer do war ass eng aner Gei. Well déi Zäit war de Victor Elz Paschtouer zu Buerschent. --Les Meloures (Diskussioun) 13:39, 20. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

dem Titel vum Molitor-Buch no misste en (och?) Prof am LGL gewiescht sinn,

Do stellt sech just d'Fro ob dat virun 1939 war oder nom Krich.

Doutsécher war hien am Schouljoer 1963/1964 Reliounsproff am LGL an ech war säi Schüler. --Pecalux (Diskussioun) 14:24, 20. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

An dësem Dokument steet ancien professeur et curé de la cathédrale à Luxembourg --Les Meloures (Diskussioun) 13:56, 20. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Merci, wann dës Informatiounen an den Artikel kéimen.--Zinneke (Diskussioun) 14:55, 20. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Gëtt gemaach, awer just eng kleng Bemierkung déi net nëmme fir dësen Artikel gëllt. Et wier ganz flott wann d'Initiateure vun Artikele sech géifen och selwer mol e bësselche Méi ginn, schliislech wollten déi den Artikel do stoen hunn. De Rescht vun der Welt wier och dersonner eens ginn. Well lo wësse mer awer nach ëmmer net ob de Rasqué ier e Professer zu Esch gouf net awer entzwousch Paschtouer war, ausser nom Krich an der Kathedral. --Les Meloures (Diskussioun) 15:23, 20. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Op jiddwer Fall schéngt en net Pastouer zu Buerschent gewiescht ze sinn ier e Professer zu Esch gouf, well vun 1921 bis 1937 war de Bernard Simminger Paschtouer do, an duerno op d'mannst bis zur Zäit vun der Ardennenoffensiv de Victor Elz. (Quell:Enrôlés de Force) --Les Meloures (Diskussioun) 16:02, 20. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Eng Nominatioun vum 18. September 1946, als Member vum Comité du Patronage de l'Oeuvre des Pupilles de la Nation konfirméiert datt en du scho Professer am LGL war. --Les Meloures (Diskussioun) 19:45, 20. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]