Diskussioun:Gambia-Koalitioun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wa meng Rechnung stëmmt da géif dat jo wuel eng Minoritéitsregierung ginn. Ech weess net op esou irrealistesch Wonschdreem vu Journalisten eppes an enger Enzyklopedie verluer hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 20:53, 20. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

32 vu 60 ? --Jwh (Diskussioun) 21:22, 20. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Stëmmt ech hat do eng zweemol gezielt. Ech weess trotzdeem net op sou journalistesch Erfindungen eppes an enger Enzyklopedie verluer hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 21:27, 20. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, mat oder ouni kann ech eigentlech liewen. Ech gesinn den nämlechten Dag huet eng IP och déisäits de Lemma opgemaacht, wat awer keng Referenz soll sinn. Do geeschtert jo och schonn eng Zäit d'Jamaika-Koalatioun --Jwh (Diskussioun) 22:04, 20. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Jo mä bei deene gëtt et effektiv esou Koalitiounen. Ech sinn nach ëmmer der Meenung datt eppes just eventuell méigleches och wann et en Numm huet näischt an enger Enzyklopedie ze sichen huet. Soss kënne mer och nach aner Méiglechkeeten eraussichen an deene Fändelsnimm ginn. Problemer gëtt et dann allerdéngs mat der Parteifaarf well fir déi Schwaarz jo néierdéngs giel benotz gëtt. Wéinsten bei RTL. --Les Meloures (Diskussioun) 12:09, 21. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Wann deen Term an der Press doruechter gebraucht gëtt, ass et net vu Muttwëll, en Artikel ze schtreiwen, wou een noliese kann, wat deen Ausdrock bedeit (och mam Bléck an d'Zukunft, wann an 10 Joer e jonke Student iwwer dee Befrëff fällt an näischt dermat unzefänke weess). --Zinneke (Diskussioun) 10:16, 22. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Et geet dann nach weider mat engem lapidare Feeler an der Beschreiwung vum Fändel. Ënner dem Fändel steet: De Fändel vu Gambia besteet aus horizontale Sträifen an de Faarwe rout, blo a gréng. Déi zwou wäiss Sträifen ziele warscheinlech net. --Les Meloures (Diskussioun) 12:34, 21. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech hunn dat Wiertchen "haaptsächlech" derbäigesat an en Artikel zum Fändel ugeluecht fir alles iwwer déi 5 Faarffelder gewuer ze ginn. --Z.

Steet net iergendwou, datt mir eis net sollten an aktuel Diskussioune mëschen? --Jwh (Diskussioun) 20:01, 21. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Sou en "irrealistesche Wonschdram vu Journalisten" ass esou eng Koalitioun net méi. Op d'mannst gi jo elo mol Koalitiounsgespréicher vun deenen dräi Parteie gefouert.--MMFE (Diskussioun) 21:31, 21. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Nach en Artikel[Quelltext änneren]

"Gambia-Koalition": Die Geschichte eines besonderen Begriffs (Wort, 27.10.13 19:44) --Bdx (Diskussioun) 19:39, 27. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Deen Artikel ka mech nëmmen am Verdacht bestäerken datt d'Wikipedia gebraucht gouf fir de Begrëff wéi ech emol well nennen begriffstauglich ze maachen. Peséinlech hunn ech et ganz schlecht fonnt well en am Ufank iwwer eng reng spekulativ Koalition gehandelt huet. Wikipedia huet sech mat där Publikatioun net politesch neutral verhalen. --109.134.21.187 20:05, 27. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Op Facebook heescht lo d'"Gambia"-Grupp RGB (interessante Wuertspill ;)) a léist d'"Gambia"-Grupp op https://www.facebook.com/Rgbkoalitioun?fref=ts . D'Zeitungen hunn awer deen Term mengen ech nach net benotzt :S. --Soued031 (Diskussioun) 20:17, 27. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech hu keng Meenung doriwwer, op deen Artikel op Wikipedia gehéiert oder net, ech hu just deen Artikel op wort.lu fonnt an en emol hei hi gepescht. Op Facebook gëtt et awer zousätzlech zu denger Säit nach eng aner "Pro"-Säit: Gambia Koalitioun Letzebuerg (mat méi Supporteren) --Bdx (Diskussioun) 20:31, 27. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
@109.134.21.187: Du wëlls dach net am Eescht behaapten, well een en Artikel op der däitscher, dunn der lëtzebuergescher Wikipedia ugeluecht huet, an dat nodeems dee Begrëff an de Medien opgetaucht ass; dass dat d'politesch Entscheedungen zu gonschten vun esou enger (bis haut nach ëmmer mam Zousaz: "méiglecher") Koalitioun iergendwéis beaflosst hätt?? D'Méiglechkeet vun esou enger Koalitioun gëtt zënter dass den Här Juncker iwwer seng SREL-Affär gefall ass (liest dozou am Forum vum Juli: "Chronologie eines politischen Scheiterns") , als Méiglechkeet diskutéiert (wa genuch Sëtzer dofir zesumme kéimen). Zënter op d'mannst dem leschte Sonnden gouf den Ausdrock esou gutt wéi vun allen auslännesche Medie gebraucht, déi iwwer den Ausgang vun de Wale geschriwwen hunn. A schliisslech: Déi éischt Referenz, déi hei ugi gouf, wou de Begrëff schwaarz op wäiss stoung, war op wort.lu. Ech géif emol soen, d'Bistum wier iwwer de Verdacht erhaben, déi "ufanks reng spekulativ Koalitioun" Realitéit ginn ze loossen. --Zinneke (Diskussioun) 22:29, 27. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]