Diskussioun:Gare Paradiso

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wouhier kënnt deen dach éischter ongewéinlechen Numm? --Zinneke 13:57, 11 Juni 2007 (UTC)

De Scouts-Chalet beim Arrêt heescht "Paradiso".--Fliedermaus 14:15, 11 Juni 2007 (UTC)

Gudde Moien,

daat ass fir d´éischt wou ech bei Wiki eppes schreiwen dorfir entschellegt w.e.g. wann eppes schief léeft. Meng Fro: waer et net besser "Gare" an "Haltepunkt" se differenzéieren? Eng "Gare" ass fir d´Eisebunn ée technesche Begreff a get am Normalfall mat Signaler geréegelt. (z.B. as Lentgen ménges Wessens och ée Haltepunkt).

Gudde Moien,
Dat do ass schonns op der lb:Wiki eng Kéier laang a breet diskutéiert ginn. Duerno gouf décidéiert dat mer wéinst der komplizéeierter Situatioun tëscht Garen, Halten a Statiounen keen Ënnerscheed maachen, an alles wou en Zuch hält Gare nennen.

Gudde Moien,

De Schaffner ass dat wat mer op lëtzebuergesch fréier alt emol de Kaartepëtzert genannt hunn. Wann net, deen anerern deen nach matgefuer ass war de Chef-train an deen ass och zu Lëtzebuerg esou genannt ginn. Dat hei just zur Erënnerung , wéi se haut genannt gi weess ech leider net. Et kann ons vläicht e Spezialist weiderhëllefen. Les Meloures 14:27, 11 Juni 2007 (UTC)

Dat do ass just Méckegepéils. Déi Eisebunnsfreaken, mat deenen ech gëscht Geleeënheet hat ze schwätzen, an dat och iwwer de "Paradiso" hunn 1. alleguer den Ausdropck "Schaffner" gebraucht an 2. direkt verstanen, wat mat Schaffner gemengt ass. Deeër doer Diskussiounen hate mer der schonns zevill. --Cornischong 14:47, 11 Juni 2007 (UTC)
Salut,
Dat hei sollt kee Méckepéils sinn. De Kaartepëtzert ass en Numm deen ëmmer op der Eisebunn gebräichlech war. Ech wollt nëmme just un déi Saach erënneren wéi et uewen och steet. Et gëtt deeër Nimm nach méi, mee wann ee lëtzebuergeschen Ausdrock net méi wichteg ass da bléiwt mir de Spaut ewech.
Ech wäert mech och da schwéier hidden fir an Zukunft nach eng Kéier u lëtzebuergesch Ausdréck ze erënneren. (11. Juni 2007 um 17.06 Auer vum Les Meloures dee vergiess hat ze ëenerschreiwen).


"Ech wäert mech och da schwéier hidden ...": Hei an der Wikipedia huet jiddereen d'Recht, fir säi Wëssen "anzebréngen". Et brauch kee sech ze hidden, eppes Konstruktives dranzeschreiwen! Léiwen Onbekannten: Wann s de eppes wëlls draschreiwen (dat Kapp a Fouss huet), da maach dat. All Mataarbechter ass zu all Moment wëllkomm. Firwat esou dacks beleidegt sinn, wann EEN e Wuert seet, dat engem net gefällt? ~--Cornischong 14:36, 27 September 2007 (UTC)~
Et war keen Onbekannten, et war de Les Meloures dee vergiess hat ze ënneschreiwen 14:49, 27 September 2007 (UTC)


Moien:

Den Arrêt ass eigentlech ugeluecht ginn, fir de Scoutshome ze desservéieren, deen eng 100 Meter Loftlinn vum Gebai ewech ass. steet am Artikel.

Wateree Gebai ass heimatter gemengt? Weess duerch Zoufall een, wou dat Gebai soll stoen, doer mol fréier gestanen huet?

Les Meloures 13:57, 3. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Sou wäit ech weess (dat ass awer keng Garantie dass et richteg ass) ass den Arrêt ugeluecht gi fir 2 Chaleten vun de Wëltzer Scouten ze desservéieren:
  • De Chalet "Paradiso", wat fréier en CFL-Barriärshaus war (Info hei]
  • De Chalet "Jim" mat enger Campplaz, dee net wäit dervun ewech läit a fréier eng Mille War: d'Tutschemillen. --Pecalux 14:45, 3. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]