Diskussioun:Gaston Barbanson

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien. De Gaston Barbanson wor, mam Pierre Nothomb a mam Fernand Neuray, e groussen Unhänger vun der <<grande Belgique>> mam ganze Grand-Duché, mat der Flandre zélandaise, mat de Kantonen Eupen, Malmedy a Sankt-Väit, mat de Gebidder ronderëm Béibrech, Neierbuerg, asw. De belschen Annexionissem am Kontext vum 1. Weltkrich soll an dëser Rubrik onbedéngt zur Sprooch kommen! Ech kéint ët maachen, mä... (d'gëtt jo Leit ënner den Administrateuren, déi alles vill besser kënnen). Salut dann, a vill Spaass beim Ierbessenziélen. Ben

Moie Ben, merci fir déi intressant Informatioun, ech hunn se gëschter an den Artikel gesat. Ech kann Iech nëmmen encouragéieren, esou Detailwëssen hei (mat) ze deelen. Ech huelen un, déi Referenz zu "Administrateuren, déi alles besser kënnen" bezitt sech op de Mount August, an Artikelen am Kontext vun den historeschen Nidderlanden (Ech war déi Zäit hei net aktiv an hunn dat nodréiglech just iwwerflunn). Alles wat déi gemaach hunn, war, ze probéiern, Iech ze verstoen ze ginn, datt en Artikel net "an der Loft hänkt", mee, an engem "enzyklopedesch-hyperlinkesche" Stil, mat anere verknëppt ass, sief et iwwer genee definéiert sougenannt Wikilinken (dat, wat blo am Artikel steet) sief et duerch Kategoriëbeem, Lëschten asw. Wann dës fragilt a mat vill méi zesummegestalltent Equiliber e puer mol op d'Kopp gehäit ginn ass; a Messagen, déi probéiert hunn, z'erkläeren, wéi dëst ze verhënner wier, ignoréiert goufen, esou kann ech verstoen, datt deen een oder aneren Admin-Kolleeg e bësse queesch gouf (well hien dat nees huet misse widderhuelt riichtbéien). Et hëlt keen engem iwwel, d'Spillreegelen net vun ufank un all ze kënnen, mee eng Bereetschaft, se unzehuelen, misst schonns do sinn (wéi iwwerall).
Dofir géif ech Iech un éischter Plaz noleeën, Iech mat engem Alias ze registréiern (Uewen op "Umellen" klicken). Dëst erméiglecht Aneren, Iech perséinlech Messagen ze hannerloossen, an dir kritt eng Noriicht, wann Der esou e Message kritt. Dat giff scho vill Non-Kommunikatioun verhënneren. Dann géif ech Iech vläit fir den Ufank recommendéiern, neien Text esou mann wéi méiglech ze formatéieren (a Formatéierungen déi schonns do stinn - besonnesch Linken - esou ze loossen, wéi se sinn - dat huet scho seng Grënn, firwat dat an den eckege Klameren esou do steet an net anescht). Méi spéit dann, wann Der Iech mam System vertraut gemaach hutt (a verglach hutt, wat Anerer un äre Kontributioune g'ännert hunn) kënnt der Iech un dat méi technescht "eruwoen". Mee als éischt zielt virun allem gudden, ausféierlechen Contenu, an d'Geschichtssujeten hei bidde vill Méioglechkeeten, dësen auszebauen.
--Zinneke 13:06, 13. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Bonjour, Här "Zinneke", a merci fir ärt Ëntgéintkommen. Ech muss mer dat mam "Alias" nach iwwerleeën, well ech eng Partie Bedenken hunn. Virwat muss ee Wuert wéi "Ufer" duerch dat absolut obsolet oder onbekannt Wuert "Uwänner" <<verbessert>> ginn??? Virwat muss "Département des Forêts" duerch dat absolut lächerlecht "Departement Forêts" <<verbessert>> ginn??? Wie seet schonn esou??? Da kënne mer grad sou gutt "Bëscherdepartement" schreiwen! Wann ech dat zielen, wat ech heiansdo um lb:wikipedia erliewen, da gëtt vu Laache 'gegrölt'! Soll vläicht dofir gesuergt ginn, dat d'Jugend sech ewechhält, déi keng Huesen a Gaalge kennt, mee Strëmp a Bretellen??? Oder ass déi lb:wikipedia fir verschidde Leit nëmmen ee Mëttel fir eng anti-franséisch a reng Blutt-a-Buedem- Ideologie ze bedreiwen??? Ech fänken zwar un ze mierken, dat ët verschidde Leit gëtt, déi op lb:wikipedia Afloss hunn. An ech geheien se net all an dat selwescht Dëppen... Merci nach eng Kéier, a bis bal. Ben

Moien,
Eng kleng Informatioun zu den Nimm vun de franséischen Departementer op der lb:Wiki.
Et gouf sech virun e puer Joer Gedanke gemaach wéi mer déi Departementer sollen nennen. Du gouf d'Léisung vun der Communautéit adoptéiert fir d'Departementer no hirem franséischen Numm, wéi z.b. Eure, Allier a.s.w mat Departement virdrun ze nennen fir déi ganz Saach zimmlech eenheetlech ze kréien. Et bestoung och d'Méiglechkeet fir se z.b.''[[Eure (Departement)]]'' ze nennen wéinst der Homonymie mat dem Floss. Ech hunn emol nogekuckt wéi aner Wikien dat handhaben. An der de:Wiki heescht et einfach Forêts an der nl:Wiki Wouden (departement) an an der en:Wiki Forêts. A kenger vun deene Wikië gouf bis elo iwwer den Numm diskutéiert.
Wann Dir natierlech eng besser Iddi hutt fir de franséischen Departementer en Numm ze ginn oder wann der mengt mer sollen et esou maache wéi d'Fransousen, déi doranner anscheinend méi fleegmatesch sinn, a fir de Moment op d'mannst zwou verschiddenen Aart a Weise vu Lemma féieren z.B eng Kéier nëmme mam Numm wéi Meurthe-et Moselle oder als Homonymielemma wéi Moselle (département), (dobäi hätten déi dat vill méi einfach, well et ass hir Sprooch), da kënnt Dir dat um Staminet zu Sprooch bréngen. Vergiesst awer net fir anengems eng Propose ze maachen wien all déi Linken déi bis elo bestinn, ersetze soll, et wäerten der net méi wéi 7.000 sinn (Aarbecht knapps fir dräi Wochen, wann ee soss näischt mécht, an 10 Stonnen den Dag drubleift). Les Meloures 11:43, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
@ Erliefnesser op der Wikipedia.
Ech si frou wann Dir an Är Kollege gröle kënnt. Dann hutt Dir alt wéinstens e bësselche Spaas. Hei op der Wiki gesäit dat leider net sou lëschteg aus. Mat enger ronn 2.000 falsch lizenséierte Fotoen déi musse verbessert, geläscht an/oder ersat ginn, mat ronn 30.000 Schreiffeeler déi nach doruechter geeschteren, kann et engem just nach zum Kräischen opgeluecht sinn.
Ech huelen un datt eng Parti aner Mataarbechter vun der lb:Wiki déi grad esou wéi ech, schonns en etlech dausend Stonnen hei investéiert hunn, ouni vun de finanzielle Mëttelen ze schwätzen, déi verschidde Leit aus hirer Täsch zur Verfügung gestallt hunn, fir en etlech akzeptabel Fotoen ze maachen, oder fir sech Plazen déi se beschreiwen ukucken ze goen, ganz frou sinn datt Dir Iech gutt ameséiert a gröle kënnt. Si wëssen da wéinstens datt se e puer Leit eng Freed gemaach hunn. Les Meloures 12:00, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
@ Uwänner
Datt Dir mengt Uwänner wier e Wuert dat iwwerlieft ass, kann dat nëmme just eng subjektiv Opfaassung sinn. Dat Wuert gëtt vu Leit déi deeglech dermatter ze dinn hunn, wuel nach dacks gebraucht. An dat sinn der net wéineg am Land. Doriwwer eraus ass et nach ganz villen anere Leit bekannt, déi och net dat däitscht Wuert Ufer gebrauchen, dat sech awer lues a lues ëmmer méi duerchsetzt. Ass et duerfir falsch wann eng Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch d'Wuert Uwänner gebraucht, dat iwwregens och a rezenten Dictionnairen ze fannen ass a bei deenen et deemno och net als esou schrecklech iwwerlieft ugesi gëtt. Les Meloures 12:27, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Ben,
Wann Der Iech en Alias zougeluecht hätt, kénnte mer op Ärer Diskussiounssäit, an net op deer vum Här Barbanson diskutéieren, deen näischt dofir kann. Dat ass den Haaptgrond fir meng Propose dozou.
De Les Meloures huet op déi inhaltlech Diskussioun zu de Lemmatiséierungen g'äntwert, ech brauch also net weider dorp anzegoen. Wat elo déi subjektiv ugeet, just dat hei: Et ass Ärt gutt Recht, Wierder "lächerlech" ze fannen. Ech fir mäin Deel kann, als een, deen zënter bal 6 Joer hei dobäi ass, soen, dass et net evident ass, an enger lexikal vun offizieller Säit net norméierter Möchtegern-Sprooch (oder plebiszitéierter Sprooch) ouni signifikant Schrëftsproochlegkeet an den Domainen Wësseschaftssprooch, Droits-/Rechtsspooch ëmmer dee richtegen Ausdrock ze hunn. An ech sinn duerchaus positiv iwwerrascht, datt hei Gestreits, wat "gutt" oder "richtegt" Lëtzebuergesch ass, relativ rar ass, kuerz, datt ouni vill Gedeessems e Konsens-Lëtzebuergesch hei gebraucht gëtt. Datt et dobäi honnerte Lemmata ginn, wou een esou oder esou ka soen, ass gewosst; meeschtens ass do e relativ largë Spilleraum/eng relativ breet Marge. Wann eppes lächerlech ass, dann Äre Réckgrëff op d'verbal Blut-und-Boden-Keule - déi ass nu wierklech déplacéiert.
Mee dat ganzt leeft op d'Erkenntnis eraus, datt bei engem Gemeinschaftsprojet eng gewëss Toleranz, e gewësse Wëllen, deen aneren ze verstoen, de Respekt virun der Aarbecht, déi anerer leeschten, an natierlech och d'Bereetschaft, selwer (sachlech) kritiséiert ze ginn, bestoe muss, fir datt e fonctionnéiert. Erlaabt mer, ze soen, no deem wat ech uewe liesen, datt ech bei Iech, wat dat betrëfft, meng Zweiwelen hunn. --Zinneke 12:57, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
PS: Den Artikel Strëmp gëtt et - e kann awer (vun der "Jugend" oder och vun Iech) gär nach ausgebaut ginn; deen zu de Brëtellen misst nach geschriwwe ginn. Avis aux amateurs... Z.
Moie Ben, dem Zinneke seng Propose, Iech e Benotzerkont opzemaachen, ënnert Ärem 'richtegen' Numm oder awer ënner engem Pseudonym (béides ass gutt), wëll ech hei ënnerstëtzen. Wéi scho gesot: d'Diskussioun hei driwwer kann dann op Ärer Diskussiounssäit gefouert ginn... an net hei, wou se net higehéiert. Eng Usersäit opmaachen ass ganz einfach... an engagéiert och zu näischt. --Cayambe 16:16, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Re-bonjour, Wéi soën d'Lëtzebuerger? Si soën "Département des Forêts", bestëmmt net "Departement Forêts". Méi hunn ech net gesot. An d'Fro zur Eventualitéit vun Unhänger vun enger reng lëtzebuergescher "Kultur" wor och nëmmen eng Fro, keng Behaaptung. Wann een sech getraff fillt, da kann e sech jo mol froë, firwat! Mei gudde Wëllen ass do, mee ech stelle fest, datt een fir alles a fir näischt erëmgeholl gëtt. Mäi Kolleg Chris huet net fir näischt am August d'Pan geklakt. Komesch, datt een engersäits encouragéiert gëtt fir duerzefueren, egal op elo formell alles perfekt ass oder net, an anerersäits gëtt gejéimert, datt een Aarbecht huet mat verbesseren, asw. ! Ech maache lo mol eng kléng Paus... Salut, Ben. P.S.: Hoffentlech hëllt de Barbansons Gast mer dës massiv Intrusioun a séng Diskussiounssäit net iwwel!

Ëntschëllegt, mee den Toun mécht och d'Musek. Liest w.e.gl. nach eng Kéier, wat Der (a virun allem wéi Der) uewe geschriwwen hutt (an zielt emol d'Fragezeechen), a vergläicht dann dat mat deem, wat der hei sot, datt der gemengt hat, ze soen. Vläit verstidd Der da meng Reaktioun. Keen huet eppes géint den Ausbau vun Artikelen. An elo loose mer de Gast a Rou. --Z.

Moien,

Entschëllegt mech, wann ech mech och nach amëschen. Ech sinn zwat net de fläissegte Mataarbechter, ma wann ech liesen wéi hei d'Mataarbechter vun der Wikipedia, vun e puer Leit iwwer de Schong gezunn ginn, an déi selwer puer Direktiven a Kompromesser (déi noutgedrongen net ëmmer ideal sinn), net kënnen acceptéieren, an op der aner Säit keng valabel Alternativ z.B. zu den Nimm vun den Departementer ze bidden hunn, fir datt dat ganzt soll eenheetlech bleiwen, da muss ech soen datt deenen hir Saach net déck ass, a mat hirer Mentalitéit wäerte se sech och esou gutt wéi net un eng enzyklopedesch Redaktioun upassen. Ech hu gesinn wéi de sougenannte Chris aus Artikele verschidde Passagen, nëmme just well hie gemengt et wier net wichteg, einfach gestrach huet a permanent Linke sabotéiert huet. An anere Wikien géif een duerfir bei Repetitioun gespaart ginn. Dat fannen ech schonn eng Frechheet vis-à-vis vum éischten Auteur, dee sech doudsécher och Méi ginn hat fir dat nozesichen. Ech hätt och vläicht eng Iddi wéi een esou Diskussiounen wéi déi hei, déi vun IPeesadresse gefouert ginn, aus den Diskussioune vun den Artikele kéint auslageren. Ech proposéieren eng Säit Allgemeng Diskussiounen unzeleeën op déi esou Diskussioune kënnen tranportéiert ginn, an op deeër all Ip hir Iwwerschrëft kritt, an an deeer et da vill méi liicht ass op fréier Diskussiounen hinzeweisen. Pierrenilles 17:32, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]