Diskussioun:Gustav Simon

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Links zur deutschen Wikipedia[Quelltext änneren]

Hallo! Ich habe heute angefangen, diesen lesenswerten Artikel in die deutsche Wikipedia zu übernehmen. Dabei ist mir aufgefallen, dass der "Weblink" zum CdZ-Gebiet Luxemburg ein Link zu einer Kopie der Wikipedia war. Habe ihn deshalb durch einen Link zur deutschen Wikipedia ersetzt :-) Wie heißt es richtig: "däitsche" oder "däitsch" Wikipedia? Viele Grüße, Langec 14:20, 15 Mee 2005 (UTC)

Die deutsche Wikipedia = déi däitsch Wikipedia; --Cornischong 14:48, 15 Mee 2005 (UTC)

Hmm, ech hätt vläicht besser gehat, als éischt hei d'Diskussioun ze liesen, ier ech eppes am Artikel zerécksetze ginn. Mee bon, ënnert externe Links e Link op eng aner wiki, dat geet u sech net. An ënnert interne Links och net. Ech doe vläicht gutt drunn, deen CdZ-Artikel nach hënt ze iwwersetzen. --Otets 22:49, 15 Mee 2005 (UTC)

Memberskaart 17017[Quelltext änneren]

Hann éich een Quell ugéin?

Den Hans-Peter Klauck huet mir den 4. Februar ganz léif geschriwwen dass et een Tippfehler wier an déi richteg Nummer 17017 ass. D'Referenz hunn ech extra net derbäi gesat en attendant dass den Här Klauck säin Dokument ännert.

17.17 gëtt natierlech kee Sënn.

A lo stinn mir do...


Weises gëllt[Quelltext änneren]

Haan ech een Quell geséin? Nee. "wenn die Quelle das sagt, muss man das nehmen oder ganz lassen http://www.hpklauck.de/gustav-simon.pdf" Wenn "die Quelle": Sou lues froen ech mech firwat hei droplassbehaapt gëtt. --Cornischong 11:39, 21. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech sot jo, oder wollt soen, dass ech den Här Klauck gefrot hun dat och op dem .pdf ze änneren. Wem die Quelle schlägt --Jwh 14:14, 21. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Wat alles sou gär ëmmer warscheinlech an anscheinend soll gewiescht sinn[Quelltext änneren]

"Seriös historesch Étudë beleeën, datt dës rocambolesque Versioun vum dem Simon sengem Doud aus der Loft gegraff ass." Nodeems ech dem Paul Spang säin Artikel nach eng Kéier, an dem Albert Schaack säin e puer Mol gelies hunn, d'Artikelen iwwer d'Pressekonferenz an der lëtzebuergescher Press nach emol gelies hunn, an no munnege Gespréicher mat "Zäitzeien" wëll ech just soen, datt den Ausdrock "aus der Loft gegraff" mer e "bëssen einfach" virkënnt. Et sief léiwer mol drun erënnert, datt de Spang op der éischter Säit schreift "Diese Arbeit beruht vor allem auf den Berichten über die Pressekonferenz, die Juztizminister Victor Bodson am 20. Dezember 1945 gegeben hatte". De Bodson hält eng "Pressekonferenz of, d'Press schreift, wat do erzielt gi wier (!) an da gëtt en Artikel, dee sech "vor allem" dorops stäipt, als "Seriös historesch Étude" gehandelt. Dat kënnt mer ganz e bësse liichtfankeg vir. Dat zu deem. Ech zitéieren nach ee Saz vum Spang: "In alkoholisiertem Zustand soll er sich unmöglich benommen haben und ......" an " Gerne wurde immer auf die Tatsache verwiesen, dass er (et geet ëm de Simon) eigentlich nur ein verkrachter Schulmeister gewesen ist, der unter Komplexen litt". Et lount sech, dee Stil emol genee ze liesen. Do si Wierder ze liesen "soll er sich", "Gerne (!!) wurde immer (!!)) auf die Tatsache ((!!)) .......". "...wo sie wahrscheinlich ...." "wo sie anscheinend (!!) in vier Teile zerlegt wurde" War se, oder war se net?! Léiwer gleewen ewéi kucke goen. --Cornischong 01:49, 21. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,
ass dann neirens erauszefanne wien de Simon sollt eventuell vläicht op Paderborn siche gewiescht sinn?
E Graf schéngt jo och net ze ginn?

Les Meloures 06:44, 21. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Och moien,
Dem deemolegen Direkter vum Nationalarchiv an Historiker Paul Spang säin Artikel schéngt mir ganz kloer an iwwerzeegend. Wann eng méi rezent Étude, déi, en plus, op nei Dokumenter zréckgräift (Schaack 2009), dat selwecht seet, näämlech, datt de Simon zu Paderborn Selbstmord gemaacht huet, da gëtt et fir mech keng objektiv Grënn, Spekulatiounen a Legenden, bei deenen "Gewährsmänner" wéi de fréiere Gaupropagandaleiter Urmes optrieden, als "historesch Wuerecht" z'akzeptéieren. --Jamcelsus 09:49, 21. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Neist Versioun mat Kollaborateuren[Quelltext änneren]

Déi neitst Versioun behaapt, den Hanns Alexander a siwe lëtzebuergescher Kollaborateuren asw.

Wéi wiere lëtzebuergesch Kollaborateuren derzou komm, fir engem britteschen Offizéier ze hëllefen en Nazi ëm den Eck ze bréngen. --Les Meloures (Diskussioun) 13:44, 12. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]

Ech huelen un, et d'Wuert ass ass am neutrale Sënn gemengt: Leit, déi matgehollef hunn. An dësem Kontext pass et effektiv net. Ech maachen dat emol kloer am Text.