Diskussioun:Hotel Alfa

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

dem Scuto säin Artikel ass vu vir 17 Joer. Zënterhier ass d'Gebai der Foto am Buch no an där vun 2011 hei, "grëndlech" renovéiert ginn, an et schéngt de Propriétaire gewiesselt ze hunn. Weess eventuell do ee méi driwwer, wat een am Artikel kéinnt kompletéieren?

Am Scuto-Artikel ass och vun där Wandmolerei vum Julien Lefèvre rieds. Ass déi bei der Renovatioun erhale ginn, d.h. gëtt et déi nach (wat ze hoffen ass)? Da kinnt een et an den Artiekl bäisëtzen.

--Zinneke (Diskussioun) 10:18, 12. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,
Dat ass jo well e "Mercure". Do ass eng Monster-Molerei hannen un der Mauer am Restaurant - e Grond fir demnächst mol do nees e Maufel iessen ze goen. --Jwh (Diskussioun) 10:44, 12. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
An der Brasserie vum Hotel sinn eng Rëtsch Molereien, eng dervun iwwert eng ganz Wand, vum Julien Lefèvre ze gesinn. Hu Biller dervun, mee mir däerfe se jo net eroplueden. :-( --Cayambe (Diskussioun) 14:18, 12. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Merci Dir Hären! Dann ernimmen ech de Lefèvre mol am Artikel. Bleift nach déi kleng Fro ob Mercure Besëtzer oder Bedreiwer ass, an zënter wéini (mee dat ass net esou weltbeweegend). Well mer d'Biller net weise kënnen, kéinnte se vläit mat 1-2 Sätz beschriwwe ginn? --Zinneke (Diskussioun) 16:04, 12. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Maachen dat (wa soss keen et virdru mécht), awer net direkt, sinn de Moment 12 k km vun doheem ewech. Aus dem Verhalt: dat riisegt Bild weist d'Schaffen zu Lëtzebuerg, am Minett, am Wäibau... an och d'Juegd. --Cayambe (Diskussioun) 22:11, 12. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
'T leeft net fort ;-) Vill Spaass do wou s De bass! --Zinneke (Diskussioun) 22:26, 12. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]