Diskussioun:Irène Nadler

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Faarwememécher[Quelltext änneren]

Wann et dem Gebuertschäin nogeet géif ech éischter op Fierwer (teinturier) also een deen eng Botzerei hat, tippen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:27, 16. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]

Ech weess net, kann "teinturier" net och ee sinn, dee Woll oder Stëfter asw. gefierft huet? (De Ronn hat dat englescht Wuert "dyer" geschriwwen, deen definitiv dorops hin deit). --Zinneke (Diskussioun) 10:39, 16. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Den Teinturier ka béides sinn souwäit wéi ech erausfonnt hunn, entweder e Fierwer oder een deen eng Botzerei huet. Fierwereie fir Stëfter ze fierwen hunn ech nach keng zu Lëtzebuerg entdeckt awer op Indusrie.lu fënnt ee mol en Emil Nadler deen eng Botzerei hat. Well Nadler keen sou ganz gängegen Numm zu Lëtzebuerg ass kéint et ganz gutt sinn datt de Robert Nadler aus der selwechter Famill war an och eng Botzerei hat. Wann net da wier Fierwer de richtege Begrëff an net Faarwemécher wat u sech näischt ausseet ausser et wier e Fabrikant gewiescht an da wier et e Faarwefabrikant wat en anscheinent net war soos wisst industrie.lu eppes dervun. Déi kennt awer de Robert Nadler well en an der Textilbranche e Patent ugemellt hat. Verfahren um auf mercerisierte Strümpfe sowie aus Coton einen haltbaren Seidengriff zu erhalten --Les Meloures (Diskussioun) 11:05, 16. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]