Diskussioun:Jeunesse Esch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Déi Saach mat "Football and Lawntennis Club" erënnert mech un d'Fola. Bei der Jeunesse ehunn ech ganz grouss Zweifelen. Op der Websäit si se guer net gespréicheg, wat den Ufank an d'Geschicht ubelaangt. --Cornischong 14:21, 29 Juni 2007 (UTC)

Dat ass mer am Ufank och net anescht gaangen. Zwou Sourcen dozou: am Luxemburger Lexikon S.192 an am Online-Dossier vum Tageblatt [1]. D'Bichi fir de Cenntenaire ass awer scho bestallt, do misst et jo dann och schwaarz op wäiss gesträift nozeliese sinn ... déi éischt Fola ass natierlech déi "richteg" an éischt Fola gewiescht an och bliwwen Kaffi 16:36, 29 Juni 2007 (UTC)

Salut. Merci. Ech gesinn: Den Artikel ass a gudden Hänn. --Cornischong 19:08, 29 Juni 2007 (UTC)