Diskussioun:Joseph Lortz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Alleréischten?[Quelltext änneren]

Moien,

" ...bekannt, datt hien als alleréischte kathoulesche Geeschtlechen den Effort gemaach huet, dem Martin Luther seng Reform ze verstoen."

An de 400+ Joer virdru soll keen eenzege kathoulesche Geeschtlechen deen "Effort" gemaach hunn? Wouhier kënnt déi Behaaptung? --Zinneke (Diskussioun) 18:55, 29. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]

Den Originaltext seet: positive Wertung der Persönlichkeit Martin Luthers innerhalb der katholischen Kirche wagte. dat ass eppes ganz aneschtes wéi d'Reform verstoen. Ech huelen dat mol eraus. --Les Meloures (Diskussioun) 19:09, 30. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]


Hien huet et gewot, ee positive Bléck op d'Wierk vum grousse Reformator ze riichten.
Dee Mann muss jo een immense Courage gehat hunn, datt hien dat gewot huet. --109.134.31.34 19:03, 29. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
No senger Zäit am Lycée zu Iechternach, wou de Joseph Lortz e Schüler vum Lëtzebuerger Bëschof Léon Lommel war.
Ech ka mer net virstellen datt dat soll stëmmen. Et ass ganz rar datt ee méi Ale bei méi ee Jonken an d'Schoul geet, a scho guer net am Alter vun 11 - 17 Joer. --Les Meloures (Diskussioun) 11:54, 1. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Du hues natierlech Recht. Merci datt s Du mech op mäin Iwwersetzungsfeeler higewisen hues. Ech hunn et elo riicht gebéit. GilPe (Diskussioun) 12:48, 1. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]