Diskussioun:Kierch Mamer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech well jo näischt soen, awer déi Foto vun deem Beichtstull ass éischt Klass Johnny Chicago 09:27, 13 Juli 2005 (UTC)

Moien,

well mer hei an enger Kierch sinn, tippen ech e bësse méi lues: (pësper) Sollt een deen Artikel net léiwer embenennen a "Kierch St. Déngels (Mamer)" oder "Kierch Hellegen/Hellegt XY (Mamer)" (der Foto no kinnt et de Jang den Deefer sinn)? Esou gesäit dat e bësse glungen aus: "Mamer (Kierch)" kléngt "syntaktesch" esou, wéi wann et hei em e "Mamer" giff goen, dat sech vun anere "Mameren" doranner ënnerscheed, dass et eppes mat enger Kierch ze dinn huet.

Fir dass d'Kierch am Duerf bleift, proposéieren ech, deemno, se ze réckeln ;-)

--Zinneke 09:36, 13 Juli 2005 (UTC)

Et gëtt och nach aner Kierchen déi esou do stin z. B. Sandweiler Kierch . Heischtergronn Kapell. D~e Cornischong an ech haten schons iwert déi Sach diskutéiert. Et geet drem fir dei Kierchen ërem ze fannen, wa mer al Kierchenartikel mat Kierch ufänken huet een herno 1000 Kierchen mat K do stoen, an et fënnt ee keng méi ërem. Johnny Chicago 09:45, 13 Juli 2005 (UTC)

dann ouni Klameren[Quelltext änneren]

Da giff ech den Artikel "Mamer Kierch" nennen (virausgesat, et gëtt just eng do) - ouni Klameren -, wat dann d'Kierch vu Mamer bezeechen giff.

Z.

Mengs de dat als Uertschaftsnumm mat Kierch hannendrun oder als Adjektiv. (Bei Mamer gesäit een dat net) Also "Réimech Kierch" oder "Réimecher Kierch"? Denk alt emol iwwer "Klause Unsere Liebe Frau vom heilbringenden Bronn" zu Helzen no :-) An iwwer d'Kierch an der Benediktinerabtei St. Maurice zu Klierf. --Cornischong 11:21, 13 Juli 2005 (UTC)


Dat ass allérdengs elo eng gudd Fro. Mir ass et och grad opgefall wéi ech wollt Kat'en dobäi setzen, dass et e puer Versioune ginn. Ech kennen mech wat Kierchen ugeet net esou aus. Hunn déi Kierchen dann net en Numm, dat kinnt ee vlaicht schreiwen NUMM VUN DER KIERCH (Uertschaft)  ? --Alexandra 11:31, 13 Juli 2005 (UTC)