Diskussioun:Lëps
Muskel vun de Lëpsen[Quelltext änneren]
Moien,
Eng kleng Widersprëchlechkeet ass mer opgefall: an der fr: Versioun steet, d´Muskele vun de Lëpse wiere kee Sphinkter, ma e fr:Muscle orbiculaire de la bouche deen aus 4 Segmenter besteet. Vläicht weess ee Spezialist méi dozou? Zinneke (Diskussioun) 15:00, 4. Dez. 2023 (UTC)
- Merci, interessant, ech hunn elo eng kuerz Recherche gemaach a fonnt, datt de Mond bis virun nach net allze laanger Zäit fälschlecherweis als Sphinkter klasséiert war, mee dat dat elo geännert gouf. Ech änneren dat mat e puer seriöe Referenzen. --Bdx (Diskussioun) 15:37, 4. Dez. 2023 (UTC)
- Et schéngt keen 100%e Konsens ze ginn, mee allgemeng gëllt de musculus orbicularis oris net méi als Schliissmuskel. Dat gouf ugepasst, mat Referenzen. --Bdx (Diskussioun) 09:45, 5. Dez. 2023 (UTC)