Diskussioun:Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gebuer - gestuerwen[Quelltext änneren]

Für die Juden sind Stern und Kreuz Zeichen der Verachtung und der Demütigung. Schon vor der Einführung des Christentums war den Juden das Kreuz verhasst, als Zeichen für die brutale Fremdherrschaft der Römer. Daher bitte ich zu überlegen, ob man nicht auf das Kreuz (und auch den Stern von Bethlehem) verzichten kann. Gruß und Danke--Meister und Margarita (Diskussioun) 21:56, 3. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

Mir gebrauchen op dëser Säit effektiv Zeechen (* gebuer an † gestuerwen), déi mer gemenkerhand net op der lb-Wiki gebrauchen. Sollt een deemno dës Zeechen net grad hei ewech loossen, well de Sujet zimmlech kontrovers ass. D’ Fro déi sech stellt: mat wat ersetze mer déi Zeechen: mat “gebuer” an “gestuerwen”, wat den Text iwwerall méi laang mécht, eventuell mat “geb.” an “gest.” oder mat den Zeechen ᛉ (= gebuer) an ᛣ (= gestuerwen), sou wéi se am Artikel Genealogische Zeichen vun der de-Wiki als “seltene genealogische Symbole” opgezielt ginn? GilPe (Diskussioun) 17:40, 14. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]
Interesting that in the German Wiki '*' and '†' are in use in the articles about Jews, Christians, Muslims, irreligious and so on. Why should we do it in a difficult way? "If it ain't broke, don't fix it." (c) --Wolverène (Diskussioun) 18:41, 14. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]
Dat vermeintlecht Kräiz ass en typographescht Zeechen a Form vun engem stiliséierten Degen. Well et awer nun eemol wéi e Kräiz ausgesäit, a vu villen och esou interpretéiert gëtt, ass säi Gebrauch absënns am Kontext vun dësem Artikel, net onkontrovers. Dat "seltent genealogescht" Zeeechen ass mer awer och eng Grëtz ze exotesch, well onbekannt, fir et hei ze rekommandéieren. Bléif "geb./gest." dat mer och net optimal erschéngt, mee déi "mannste schlecht" Léisung ze si schéint...--Zinneke (Diskussioun) 20:38, 14. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]
Ech hat déi Runen emol am Artikel (Kapitel Gréiwemaacher) dra gesat fir ze kucke wéi d'Reaktiounen sinn... Ech sinn awer och mat “geb.” an “gest.” averstanen. Waarde mer emol nach e bëssen of, duerno kann ech et am Artikel änneren. GilPe (Diskussioun) 21:01, 14. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

Artikel splécken?[Quelltext änneren]

Ech schloe vir, déi laang Säit hei ze splécken, fir eng Säit pro Uertschaft ze hunn (Bieles a Gréiweknapp mat just 1 ooder 2 Steng kéinnten op der 'Aleedungssäit' stoe bleiwen). Wa keen eppes dergéint huet, leeën ech dëser Deeg lass. --Zinneke (Diskussioun) 14:18, 14. Sep. 2021 (UTC)[äntweren]

Jo, kléngt gutt! GilPe (Diskussioun) 17:17, 14. Sep. 2021 (UTC)[äntweren]