Diskussioun:Lëscht vun de Vullen zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, hei stelle sech e puer Froen:
1. Vigel oder Vullen ? Béides gëtt et, cf. z.B. den DFL. "Vullen" huet e 'familiäre' Nogeschmaach, ech brauch dat net z'erklären. An zesummegesate Wieder schéngt nëmme "Vullen-" geleefeg ze sinn: Vulleschutz, EU-Vulleschutzdirektiv...

2. Als eenzeg Referenz fir déi lëtzebuergesch Nimm schloen ech d'Vögel Luxemburgs 2010 vir. D'Buch ass wëssenschaftlech gesinn (an och soss) an der Rei. D'Auteure kennen ech perséinlech a weess datt si (an och d'Kollegen an hirem Ëmfeld) sech ëm lëtzebuergesch Nimm beméien. Mir brauchen, wéi all déi aner Sproochen och, een Numm deen alls Referenz zielt. Am Artikel zur Aart kënne jo dann all dem Klees 'seng' aner Nimm opgezielt ginn.

3. Esou gutt ewéi kee Vugel deen zu Lëtzebuerg selten ass, huet e lëtzebuergeschen Numm. An deem Fall hunn ech de Link op de wëssenschaftlechen Numm gesat, a proposéieren datt, wann eng Kéier 'eng gutt Séil' en Artikel zu där Aart schreift, de Lemma ënner deem Numm leeft. Nom Motto: et ass net un eis fir lëzebuergesch Nimm z'erfannen.

4. Fir dem Lieser (an ëm dee geet et jo) eng Hëllef ze ginn - dat besonnesch bei deenen Aarte wou mir selwer keen Artikel derzou hunn -, kënne mir op jidderee vun den de-, fr- an en-Nimm e Link setzen op d'Wiki an där Sprooch. Wann dat soll sinn, da gëtt et zwou Méiglechkeeten: einfach et bloe Link (z.B. oie rieuse oder awer fr:oie rieuse. Dat lescht weist visuellement drop hinn, datt de Link an eng anersproocheg Wiki féiert. Provisoresch hunn ech emol dat fir déi éischt Aart op der Lëscht esou gemaach.

Wat mengt Dir duerzou? --Cayambe 14:54, 14. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

'Nowend Cayambe.
Fir d'éischt: Eng fantatesch Saach dat do, besonnesch mat de Fotoen. Zu 2, 3 a 4: Averstan! Zu 4 b: ech fannen, et gesäit e bësse 'flappg' aus mam "Prefix" de: oder fr:, dofir géif ech en ewechloossen, och, well et kloer ass, datt et sech em franséisch, resp. Däitsch Wierder/Lemmata handelt. Zu 1: Och d'accord mat dengen Iwweleeungen; aus deem selwechte Grond hätt ech eng liicht Tendenz zu de Vigel. --Zinneke 22:54, 14. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien och,
Souwäit wéi ech gesinn ginn déi Dictionnairen déi ech hunn, an éischter Plaz de Lemma Vull a Vullen un. Fir de Rescht soll ee sech mMn un d'Devise vum Jarrtellsuerden halen. -- Les Meloures 08:28, 15. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Gëtt et zu Lëtzebuerg keng Nuechtegailchen? Do hätte mer nämlech en Artikel driwwer, da wier manner rout. --Otets 19:07, 25. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Salut, keng Angscht, d'Nuechtegailche kënnt nach, si gehéiert an d'Famill vun den de:Fliegenschnäpper. Op der Checklëscht stinn am Ganzen 303 Aarten, lo si mer bal an der Hallschent :-) --Cayambe 19:44, 25. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Lëtzebuergesch Nimm vun de Vullen[Quelltext änneren]

Viru kuerzem - Enn 2014 - huet eng Aarbechtsgrupp vun natur&ëmwelt eng 'offiziell' Lëscht vun de Vullenaarten vu Lëtzebuerg publizéiert [1]. Ech weess datt si sech vill Méi ginn hunn an datt si 'hier' Nimm mat de Responsabele vum LOD ofgeschwat hunn, an esou linguistesch an orthografesch 'korrekt' sinn.

Et ass dëst déi éischt modern Lëscht vu lëtzebuergeschen Déierenimm, déi fir d'WP DÉI Referenz ass. Duerfir sinn ech am Gaangen déi Nimm an d'WP-Lëscht anzedroen. --Cayambe (Diskussioun) 17:54, 11. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]

En décke Luef a Merci un déi Aarbechtsgrupp. Bleift festzestllen, datt alt nees Fortschrëtter um Ausbau vum Lëtzebuergesche virun allem op Privatinitiativ, resp. Benevolat zeréckginn ... --Zinneke (Diskussioun) 11:22, 12. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]