Diskussioun:Lëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech froe mech ob d'Veianer Geriichtskräiz hei erapasst? E Weekräiz ass jo awer eppes aneschters? Dat Wolzer an Iechternacher Geriichtskräiz hunn eegen Artikelen, vläit fënnt sech ee mat Zougankk lokalhistorescher Fachliteratur, deen dozou eppes schreiwe kënnt? E Bild gëtt et jo schonns... --Zinneke (Diskussioun) 08:53, 21. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]

Wéi ech dat Kräiz hei era gesat hu wousst ech nach net datt et sech dobäi ëm e Geriichtskräiz géif handelen. Dat sinn ech eréischt aus engem Artikel am LW iwwer d'Prëssessioun bei d'Bildchenskapell gewuer ginn. Aus deem Artikel geet awer och ervir datt d'Funktioun vun deem Kräiz sech jo anscheinend zu engem Weekräiz verännert huet, soss géif do jo net de Seegen ausgedeelt ginn. Deemno schéngt mer op d'mannst fir dëst Geriichtskräiz d'Plaz an dëser Lëscht duerchaus berechtegt ze sinn.
Op Commons fënnt een nach e puer Biller vu Geriichtskräizer aus Däitschland an Éisträich déi an de Kategorie Wayside crosses oder Wayside shrines ënnerbruecht sinn. Ech fannen déi Kategorien zwar och net optimal, awer och net schlechter wéi d'Kategorie Monuments and memorials an déi se elo eragestallt goufen. Villäicht misst een eng nei Ënnerkategorie vun der Kategorie Justice schafen? --MMFE (Diskussioun) 16:40, 21. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
Wann ee vum Schlass aus iwwer de Wee bei d'Bildchen trëppelt kënnt ee laanscht eng Dose Weekräizer --Les Meloures (Diskussioun) 17:08, 2. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]